Abenteuer an der Natur
Dës Woch dréint sech alles bei eis em Abenteuer an der Natur a Co.
1. Abenteuer an der Natur an Hüttebau
Kanner, hutt dir och heiansdo Loscht op Abenteuer an der Natur? Ee spannend Erliefnis, zesumme mat Frënn, oder och eleng? Eppes Neies, eppes Aneres wéi am Alldag, eppes wou een net genau weess wéi et ausgeet, woufier een e bësse Courage brauch? Huelt iech Zäit, sicht eng flott Plaz a gitt mat äre Frënn eraus a setzt är Iddiën em. Spiller ginn et vill: Schnitzeljuegd oder Rallye, Verstoppches a Fänkches, eng Schatzsich. Oder einfach sech nidderloossen op enger flotter Plaz, eng Hütt bauen an dann do Zäit verbréngen. Oder wat bedeit Abenteuer fir iech? Mir weisen iech haut wéi een eng Hütt baut fir dran ze spillen a souguer och dran ze schlofen. An des Woch geet et weider mat Bou bauen, Läffel schnëtzen an dem Quiz um Enn vun der Woch. Bleift dobäi, probéiert aus a genéisst an der Vakanz vill Zäit dobaussen fir spannend Abenteuer z’erliewen! Mir wënschen iech vill Spaass a passt ëmmer gutt op iech op! Är SICONA kids Equipe
2. Mir bauen e Bou
Moie Kanner, Haut bauen ech mat iech e Bou mat engem Feil. Am Film gesitt dir wéi dat geet. Dofir brauche mir:
- en Täschemesser,
- 1 kleng See,
- E Stéck Schnouer déi net räisst,
- e Bengel den sech gutt béit,
- an nach e méi dënne Bengel fir de Feil.
D‘ Bengele sinn am beschten aus Hieselter. Dee gesäit esou aus:



Beim schnëtzte passe mir gutt op ons Fanger op! Am Géigesaz zum Hieselter wuessen déi nämlech net no. Wann eise Bou fäerdeg ass da benotze mir en nëmme fir op eng Zilscheif ze schéisse 😊. Vill Spaass an der Natur Kanner! Är SICONA Kids Guiden
3. Mir schnëtzen e Läffel Françoise
Moie Kanner, Wollt dir och schonn ëmmer wëssen, wéi am Mëttelalter d’Léit hire Läffel hiergestallt hunn. Da kuckt elo genau no, d’Françoise weist iech nämlech Haut wéi dir ären eegene Läffel schnëtze kënnt! Vill Spaass Kanner! Är SICONA Kids Guiden
4. QUIZ „Abenteuer an der Natur“
Moie Kanner, Dës Woch war nees eng spannend Woch! Mir hu gesi wéi een Hütte baut am Bësch, wéi ee ganz einfach e Bou an e Läffel ka selwer maachen. Haut geet et abenteuerlech weider. Stell dir fir du bass eleng am Bësch ënnerwee. Du bass ob der Sich no engem Abenteuer. Brauchs du heifir Material? Wat mengs du? D’Lise weist eis elo déi 10 Géigestänn déi hat mat engem Abenteuer verbënnt. Kuck dir déi gutt un. Wat häls du vun deene Géigestänn? Wat mengs du? Brauchs du déi 10 Saache wierklech fir een Abenteuer? Oder brauchs du der manner? Maach dir deng eege Gedanken, schwätz mat denge Kolleegen, tausch dech mat dengen Elteren heiriwwer aus. Wann s du genuch iwwerluecht hues, dann entscheet dech. Sich dir déi 3 Géigestänn eraus, déi fir DECH ganz perséinlech fir en Abenteuer an der Natur wichteg sinn. Schéck eis deng Lëscht mat dengen 3 wichtegste Saachen ob dës Adress: corinne.camusel@sicona.lu Dës Kéier si mir gespaant, villäicht kanns du jo eppes gewannen?
D‘nächst Woch ass Thema “Vun den Hecken an den Déieren”. Sidd gespaant a bleift dobäi bei SICONA Kids! Är Guiden SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!