SICONA kids – Déiere bei SICONA

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Déiere bei SICONA a Co.

1. Aner Déiere bei SICONA

Moie Kanner,

Dës Woch weise mir iech e puer Déiere fir déi de SICONA sech am Aarteschutz asetzt.

Hei ee klenge Quiz: wësst dir em wéi eng Déieren et hei geet?

Sidd gespaant wat d`Sylvie fir iech nach dozou virbereet huet fir den Donneschden.

Bléift dobäi bei SICONA kids!

Är Guiden

2. D’Duerfvillercher – Déiere bei SICONA

Moie Kanner,

Haut wollt ech Iech eppes iwwer dem SICONA seng Aufgab am Naturschutz a ganz besonnesch iwwert den Déiereschutz erzielen.

An dat am Beispill vun de Schmuewelen déi bei eis hei zu Lëtzebuerg wunnen.

Dat sinn : D`Fensterschmuewel (Mehlschwalbe)  

                 D`Stallschmuewel  (Rauchschwalbe)

D`Fensterschmuewel zum Beispill huet sech e bëssi onbeléift gemaach, wëll si hiert Nascht an den Eck iwwert der Fënster oder un Fassad festmécht. An da wann hir Kleng bis op der Welt sinn da gëtt do e bëssi Knascht op der Fënsterbänk oder un der Fassad. Dofir maachen d`Leit hir Näschter léiwer direkt ewech ier d Villercher ufänke mat bréien. Dat ass verbueden. Dem SICONA seng Aarbecht ass et de Leit ze erkläre firwat een des Näschter net ewechmaachen däerf an hinnen zum Beispill e Brietchen ënnert dem Nascht festzemaache fir dass den Dreck do drop leie bleift an de Knascht verhënnert gëtt. An do wou Fensterschmuewel net gutt eens gëtt fir hir Nascht festzemaache kann de SICONA och kënschtlech Näschter ubidden.

Bei der Stallschmuewel ass de Problem dat di al Ställ ëmmer méi verschwannen an an dënnen neie fannen si keng Platze méi, oder si komme guer net méi eran, fir hiert Nascht festzemaachen. Hei hëlleft de SICONA de Villercher mat kënschtlechen Näschter déi  esou festgemaach ginn dass et fir si méiglech gëtt hir Kleng dra grouss ze zeien.

Wann s du op Google “Stallschmuewel” agees kennt e Filmche vum SICONA. (https://www.facebook.com/sicona/videos/dstallschmuewel-oder-schaachtegschmuewel-och-op-der-rouder-l%C3%ABscht/522767291810697/).

Ob eiser Homepage kënnt dir nach vill méi iwwert eis Duerfvillercher noliesen. https://sicona.lu/dorfvoegel/

Vill Spaass Kanner!

Äddi! Är SICONA kids Guiden

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen