Ëmweltdiplom 2020




Zenter 2008 organiséiert de Sicona Naturaktivitéite fi r Kanner.

Fir kënne matzemaache muss du an der Gemeng an d’Schoul goen (Cycle 2-4). Bass du interesséiert? Da kräiz déi Aktivitéiten, bei denen‘s du gäre matmaache wëlls un, a schéck dëse Formulaire virum 31. Januar 2020 zeréck bei de Sicona. Méi genee Detailer schécke mir dir da 7 Deeg virun der geplangter Aktivitéit zou.

Fir an de Genoss vum „Ëmweltdiplom 2020“ ze kommen, muss du op mannst un 12 Aktivitéiten deelgeholl hunn.

Du brauchs Fräizäitkleedung, déi ka knaschteg ginn, e Rucksak mat Uebst a Gedrénks, an eng Setzennerlag (kann eng Plastikstut sinn). D’Aktivitéite si gratis. Sie fannen an der Reegel tëschent 14:00 a 16:30 statt.

D’Iwwerreechung vun den Diplomer a vun engem klenge Kaddo ass de 12. Dezember 2020 virgesinn.

Fir weider Informatioune kënnt Dir d’Corinne Camusel um Tel. 26 30 36 25 kontaktéieren.


Zur Teilnahme bitte anmelden:

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen