









Dës Woch dréint sech alles bei eis em d’Natur mat alle Sënner.
Haut um Feierdag maache mir een erfrëschende Cocktail. Mir brauchen ee roude Friichtentéi, Hunneg an Zitroun. Mat Kréischelen an e bëssen Äis schmaacht dëse Cocktail sou richteg gutt!
Mir sëtzen eis op eng roueg Plaz dobaussen an huelen all d’Geräischer ronderëm eis op. Mir maachen eng Geräischer-Landkaart an droen all d’Geräischer hei an. Flott wa mir vill Naturgeräischer kënnen héieren an eng roueg Plaz heifir fannen. Vill Spaass.
Haut geet d’Lise mat Iech an de Bësch. Mol kucken, wéi eng Schätz mir esou an eiser Natur fannen! Dir wäert iwwerrascht si, wat fir villfälteg Formen a Faarwe mir hei entdecken! Vun eise fënnef Sënner: kucken, héieren, fillen, schmaachen a richen, strenge mir haut besonnesch dee fir d’éischt genannten un! Vill Spaass bei der Sich no ärem Schatz!
Haut erliewe mir d’Natur mat eiser Nues: mir riche wat fir gutt Saache mir am Gaart stoen hunn a maache Spiller domat. Vill Spaass.
Zum Wochenthema „Natur erliewe mat alle Sënner“ si mir haut beim Taascht-Sënn ukomm. Iwwer eis Haut, mat Hänn a Féiss, ertaaschten a fille mir verschidden Naturmaterialien. Maacht mat a sammelt – wat méi ofwiesslungsräich, wat méi spannend: pickeg, mëll, haart, waarm, kal, muusseg – dobausse fannt dir vun allem. Haut geet eise Quiz esou: mir invitéieren Iech bei eisem ‚Buerféisspad- Foto- Challenge‘ mat ze maachen! Weist dem Lise wéi e flotte Buerféisspad kann ausgesinn. Sammelt vill verschidden Naturmaterialien a leet äre Buerféiss-Pad. An natierlech musst dir deen och ausprobéieren, mat verbonnenen Aen mëscht et nach méi Spaass. Spill a Spaass fir d’ganz Famill! Schéckt him eng Foto vun äre Kreatiounen iwwer Facebook oder per E-mail un eran. Vill Spaass! An di nächst Woch ass d‘Thema „Villercher am Fréijoer“ drun. Sidd gespaant an bleift dobäi! Är SICONA kids Equipe
SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!
Dës Woch dréint sech alles bei eis em d’Natur mat alle Sënner.
Haut um Feierdag maache mir een erfrëschende Cocktail.
Mir brauchen ee roude Friichtentéi, Hunneg an Zitroun.
Mat Kréischelen an e bëssen Äis schmaacht dëse Cocktail sou richteg gutt!
Mir sëtzen eis op eng roueg Plaz dobaussen an huelen all d’Geräischer ronderëm eis op.
Mir maachen eng Geräischer-Landkaart an droen all d’Geräischer hei an.
Flott wa mir vill Naturgeräischer kënnen héieren an eng roueg Plaz heifir fannen.
Vill Spaass.
Haut geet d’Lise mat Iech an de Bësch. Mol kucken, wéi eng Schätz mir esou an eiser Natur fannen!
Dir wäert iwwerrascht si, wat fir villfälteg Formen a Faarwe mir hei entdecken!
Vun eise fënnef Sënner: kucken, héieren, fillen, schmaachen a richen, strenge mir haut besonnesch dee fir d’éischt genannten un!
Vill Spaass bei der Sich no ärem Schatz!
Haut erliewe mir d’Natur mat eiser Nues:
mir riche wat fir gutt Saache mir am Gaart stoen hunn a maache Spiller domat.
Vill Spaass.
Zum Wochenthema „Natur erliewe mat alle Sënner“ si mir haut beim Taascht-Sënn ukomm.
Iwwer eis Haut, mat Hänn a Féiss, ertaaschten a fille mir verschidden Naturmaterialien. Maacht mat a sammelt – wat méi ofwiesslungsräich, wat méi spannend: pickeg, mëll, haart, waarm, kal, muusseg – dobausse fannt dir vun allem.
Haut geet eise Quiz esou: mir invitéieren Iech bei eisem ‚Buerféisspad- Foto- Challenge‘ mat ze maachen! Weist dem Lise wéi e flotte Buerféisspad kann ausgesinn. Sammelt vill verschidden Naturmaterialien a leet äre Buerféiss-Pad. An natierlech musst dir deen och ausprobéieren, mat verbonnenen Aen mëscht et nach méi Spaass. Spill a Spaass fir d’ganz Famill!
Schéckt him eng Foto vun äre Kreatiounen iwwer Facebook oder per E-mail un eran.
Vill Spaass!
An di nächst Woch ass d‘Thema „Villercher am Fréijoer“ drun. Sidd gespaant an bleift dobäi!
Är SICONA kids Equipe
SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!
Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen
Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.