SICONA kids
– Ouschteren
Dës Woch dréint sech alles bei eis em Ouschtereeër a Co.
1. Vu wou kommen d’Eeër hier?
Haut e puer Themen zu Ouschteren, ënnert anerem: Liewen an engem Ee an Eeërfierwen. Mir gi bei fräilafend Hénger bei de Fränky a gesinn, vu wou d’Eeër hierkommen, déi mir kafen an iessen. Quizfro fir e Freiden: Wéi kënnt ee Jippelchen an een Ee a wat muss d‘Hung dann nach maachen? Firwat fierwe mir Eeër fir Ouschteren?
2. Mir bastelen en Ouschterhues
Fir Ouschterdag weist Iech d‘Sylvie, wéi ee ganz einfach en Ouschterhues ka maache – mat just puer Saache ka bastelen, déi een an der Natur fënnt.
3. Bastelen an Eeër verstoppen
D‘Françoise hëlt iech haut mat fir e Spill an eng Basteliddi ronderëm Ouschteren auszeprobéieren. Och fir déi méi Grouss ass eppes dobäi. Vill Spaass beim nomaachen!
4. Eeër fierwe mat Ënneschuelen
Geschwënn ass Ouschterdag. Dat ass déi richteg Zäit fir Eeër ze fierwen. D‘Nicole mécht dat op eng natierlech Aart a Weis mat Ënneschuelen. Vill Spaass beim Kucken an nomaachen.
5. De Quiz vun der Ouschterwoch
De Méinden hat d‘Nicole Iech schonn déi éischt Quizfroe gestallt, déi mir haut beäntwere wäerten. Seng Quizfro war: „Wéi kënnt ee Jippelchen an een Ee a wat muss d’Hong dann nach maachen?“ Elo stellen ech iech och nach e puer Froe – a ginn iech direkt d’Äntwerten. Vill Spaass beim roden! Eis nächst Woch steet ënnert dem Thema: “Mir erliewen d‘Natur mat alle Sënner”. Sidd gespaant, wat mir Guide fir iech virbereet hunn. Bléift dobäi, bei SICONA kids Är Equipe vun de Guiden.
SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!