SICONA kids – Eng Bëschbotzaktioun fir jiddereen

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Déiere bei SICONA a Co.

1. Eng Bëschbotzaktioun fir jiddereen

Moie Kanner!

Dës Woch hu mir d‘Thema „eng Bëschbotzaktioun fir jiddereen“!

Haut zielt d‘Lise eis eng Geschicht vum Meeschter Rudi. Do gi mir gewuer wat e Reewuerm mat Recycling ze dinn huet. Duerno geet d’Lise nach an de Bësch a reeft de Knascht op deen hat um a laanscht dem Wee fënnt. Sou kann hat dem Meeschter Rudi seng Ekipp bei hirer Bëschbotzaktioun ënnerstëtzen.

Den Donneschden erkläert iech Sylvie nach vill méi iwwert dëst Thema.

Vill Spaass Kanner!

Är SICONA kids Guiden

2. Eng Botzaktioun fir jidderee mam Sylvie

Moie Kanner!

De Geste fir de Knascht an Natur ze geheien ass séier gemaach. Allerdéngs ginn eis Déieren ob de Wise krank dovunner.

Mir vu SICONA kids maachen et besser, mir geheien näischt an d‘Natur! Also mat engem gudde Geste fir eis Déieren ze schützen a fir eis Natur propper ze halen, huele mir eisen Offall nees mat Heem. An do kënne mir deen dann och richteg recycelen. 

Nächst Woch gitt dir méi iwwer Gräifvullen an Eile gewuer.

Bléift dobäi bei SICONA kids! Äddi Kanner! Är Guiden

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen