SICONA kids – Gaart

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Gaart a Co.

1. Vum Gaart a Gaardegeschier mam Guy a mam Claire

Moie Kanner,

Dës Woch war eist Thema „de Gaart“. Mam Guy a mam Claire léiere mir Haut am Bartrenger Gaart d’Gaardegeschier kennen. Dobäi zielen si iech nach ganz vill Interessantes iwwert de Gaart. Sidd gespaant Kanner Haut geet et villes ze entdecken!

Dës Woch wäisst iech ausserdeem d’Lea an d’Sylvie, wéi si Zalot séinen an duerno déi kleng Zaloteplanzen an d’Héichbeet setzen. Mir gesinn awer net nëmmen Zalot.

D‘Sylvie geet och mat iech bei de Bauer Jemming Grompere setzen. An weist iech Schrëtt fir Schrëtt wéi mir dem Mario Kleer seng Setzgromperen an de Buedem planzen.

Vum Lise gi mir gewuer wien de Reewuerm ass, a wéi eng wichteg Roll dëst klengt Déier am Buedem spillt.

De Freideg erwaart Iech e flott Kräizwuerträtsel zu dëser Gaardewoch.

Vill Spaass a bléift dobäi bei SICONA Kids

Är SICONA Kids Equipe

2. Vum Som zur Planz mam Sylvie

Moie Kanner,

Haut weisen eis d’Lea an d’Sylvie, wéi si Zalot séinen an duerno déi kleng Zaloteplanzen an d’Héichbeet setzen. Mir gesinn awer  net nëmmen Zalot. D‘Sylvie huet Ufanks Abrëll och schonn Tomate geséint. Hatt weist eis wéi grouss déi scho gi sinn – no just engem Mount.

Muer zielt eis d’Sylvie eppes iwwer d‘Gromperen!

Vill Spaass!

Är SICONA Kids Guiden

3. Alles ronderëm d’Gromper mam Sylvie

Moie Kanner,

D’Sylvie hëlt eis mat bei de Bauer Jemming-Schmit. Hatt weist eis Schrëtt fir Schrëtt wéi mir dem Mario Kleer seng Setzgromperen an de Buedem planzen. Des ginn am Hierscht erausgeholl. Villäicht kënne mir dat jo zesumme maachen?

Zum Schluss kréie mir gewise wat ee Leckeres mat Grompere kache kann.

Esou kënne mir d‘„Natur genéissen“.

A muer bei SICONA Kids léiere mir de Reewuerm kennen.

Vill Spaass!

Är SICONA Kids Ekipp

4. De Reewuerm am Gaart mam Lise

Moie Kanner,

De Reewuerm – e bessere Gäertner gëtt et net am Gaart! D’Lise erkläert eis mol, wéi eng wichteg Roll dëst klengt Déier am Buedem spillt.

A muer maache mir kee Quiz, mee e Kräizwuerträtsel. Sidd gespaant wat mir fir Iech virbereet hunn.

Är SICONA Kids Guiden!

5. De Quiz mam Lise

Léif Kanner,

Dës Woch ware mir am Gaart. Mam Guy hu mir d’Gaardegeschier kenne geléiert. Wësst dir nach wat e Greef, e Spuet oder eng Schëpp ass?

A wat een domadder schafft?

D’Sylvie huet Zalot geséint, an d’Lea huet ons gewise wéi hat kleng Zaloteplanzen an dat grousst Hochbeet setze kann.

D’Sylvie huet ons och mat bei de Bauer Jemming-Schmit geholl. Mat him hu mir dem Mario Kleer seng Setzgromperen an de Buedem geplanzt. Am Hierscht kënne mir des Gromperen eraushuelen, kachen  an iessen. Esou kenne mir d‘ „Natur genéissen“.

Vum Lise si mir gewuer gi wien de Reewuerm ass, a wéi eng wichteg Roll dëst klengt Déier am Buedem spillt.

Hei op eiser Homepage fann dir e flott Kräizwuerträtsel zu dëser Gaardewoch. Fann dir d’Léisung? Vill Spaass beim Rätselen a bis di nächst Woch bei SICONA Kids.

Dann ass d’Thema: Aus der Hexekiche vu SICONA.

Kräizwuerträtsel

Kräizwuerträtsel Opléisung

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Ansprechpartner Kinder- und Jugendaktivitäten


Pädagogische Abteilung

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen