SICONA kids – Vun den Hecken an den Déieren

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Hecken an Déieren a Co.

1. Eng „Heckegeschicht“  mam Sylvie

Moie Kanner!

Haut fänkt erëm eng néi Themewoch un. Dës Woch beschäftege mir eis mam Thema „Vun den Hecken an den Déieren“.

D’Sylvie erzielt eis haut eng Geschicht. Hei kënnt och eng Heck dra vir, Hecken zielen zu den aarteräiche Liewensraim. Sou besteet z.B. eng al Heck oft aus 20 bis 25 Straich- a Bamaarten. Dozou gehéieren och nach vill krauteg Planzen déi um Rand vun den Hecke wuessen. Dat mécht, dass hei eng ganz Rei interessant Déierenaarte liewen. Fir vill Déieren a Planze sinn d‘Hecken awer net nëmmen e Liewensraum, si déngen hinne munchmol als Schutz oder alt als Nahrungsquell.

Vun enger gutt strukturéierter Heck kenne besonnesch vill Déiere profitéieren. Komm mir lauschtere mol, wéi en Geschicht d’Sylvie ons zielt.

Ënnert dem SICONA Site https://sicona.lu/?s=hecken gëtt et nach vill méi zum Thema Hecke liesen.

Muer erkläert eis d‘Sylvie nach vill Spannendes iwwert d‘Fliedermaus!

Sidd gespaant a bléift dobäi bei SICONA Kids!

Är Guiden

2. Fliedermaus

Moie Kanner,

Haut hëlt d’Sylvie eis mat a mir kucken eis e Nuetsdéier un wat och d‘Hecken notzt. Hat erzielt eis haut vun de Fliedermais.

Mee wou sinn déi Nuetsdéieren dann ze fannen? Um Späicher vun alen Haiser oder am Tuerm vun enger Kierch sinn si zum Beispill gären doheem. Hei liewen se oft an enger Kolonie zesummen. Bei Sonnenënnergang fléien se eraus fir Insekten ze joen. Mir fannen se och oft bei Weieren, a Bongerten oder bei den Hecke wou se owes no Fudder sichen.

Wann dir nach méi iwwert dës ganz interessant Déierenaart wëllt wëssen da lauschtert gutt no, wat d’Sylvie iech erzielt!

Muer erkläert eis d’Françoise vill Interessantes iwwert eis wonnerschéi Päiperleken.

Vill Spaass!

Är SICONA Kids Guiden

3. De Päiperlek:

Wéi kennt eigentlech e Päiperlek ob d’Welt? A wat huet e Päiperlek mat enger Heck ze dinn?

Op des Froe siche mir haut Äntwerte fir Iech.

Muer hu mir als Thema de Schleek.

Vill Spaass Kanner!

Är SICONA Kids Guiden

4. De Schleek mam Haischen

De Schleek ass wierklech en interessant Déier. Hie wunnt och an der Heck. Wat meng dir, wou kennt hien u säin Haischen? Wësst dir wat hien frësst oder wéi hien sech beweegt?

Dëst beobachte mir haut an engem Schleekenterrarium. Mir kucken him och no wéi hien iwwert eng gliese Plack kraucht. Haut gi mir sou munches gewuer, och iwwert de Schleekekinnek .

A muer gëtt et nees eise Quiz.

Vill Spaass Kanner!

Är SICONA Kids Guiden

5. Vun den Déieren an den Hecken: Quiz

Dës Woch goung et em d‘Déieren an d’Hecken. De Méindeg krute mir vum Sylvie eng Geschicht vun der Blimmchen an der Heck gezielt. Hat huet ons duerno d‘Fliedermaus  virgestallt  a vum Françoise si mir ganz vill Interessantes iwwert de Päiperlek gewuer ginn. Den Donneschden huet d’Nicole mat eis d’Schleeke méi genee ugekuckt. Deen een oder aneren huet sech hei dach bestëmmt d‘Fro gestallt ob d‘Schleeken, wann si wuessen, hiert Haus verloosse fir a méi ee grousst Haus ze plënnere – wat meng dir?

Mam Lise sengem Freides-Quiz iwwert des ganz Woch kënne mir mol kucke wat mir alles verhalen hunn. Villäicht kréie mir d’Fro mam Plënneren och geléist?

Vill Spaass Kanner!

Di nächst Woch hu mir Thema „Konscht an a mat der Natur“! Äddi Kanner.

Är SICONA kids Equipe

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Ansprechpartner Kinder- und Jugendaktivitäten


Pädagogische Abteilung

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen