SICONA kids – Hexekichen

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Hexekichen a Co.

1. Aus der Hexekiche mam Françoise

Moie Kanner,

Leescht Woch hate mir d‘Thema „de Gaart“.
Dës Woch ass eist Thema „Aus der Hexekichen“.Mir stellen iech e puer Rezepter aus eiser Kraiderkiche fir.

D‘Nicole kacht mat eis eng lecker Zopp an d’Françoise weist eis e geblummelecht Iessen.

Den Donneschden hu mir all Feierdag.

De Freideg sidd dir gefuerdert a kennt eis är Kraiderrezepter eraschécke – vläicht erwaart iech dann eng flott Iwwerraschung!

Vill Spaass beim Nomaachen! Är SICONA Kids Guiden

2. Mam Nicole kache mir haut eng Kraiderzopp

Moie Kanner

Haut kache mir eis eng Kraiderzopp. Dat ass eng Zopp mat ville Mineralien a Vitaminnen. Genau dat Richtegt fir am Fréijoer fit ze ginn.

D’Kraider déi mir brauche fanne mir op enger net gedüngter Wiss.

Mir brauchen déi pickeg Brennnessel, de Saueramper,d‘ Pissblummeblieder an d‘Knoblauchrauken.

Rezept fann Dir hei:
Kraiderzopp Rezept

Vum Bauer Ënnen a Gromperen.

https://sicona.lu/projekte/natur-geneissen/

Vill Pleséier beim Kucken a Nokachen

3. E geblummelecht Iessen

Hutt dir scho gewosst, dass ee verschidde Blummen iesse kann? Mir weisen iech wéi eng et sinn a wat ee mat deene Schätz aus dem Gaart op den Teller zaubere kann.
Dës Blummen däerfen natierlech net gesprëtzt sinn . Pollenallergiker musse leider op eist geblummelecht Iesse verzichten, hinne bekënnt dat net esou gutt!
An de Blummen si vill Vitaminnen a Mineralien a si maachen onsen Teller an och ons Laun schéi faarweg.

Vill Spaass Kanner! A bléift dobäi bei SICONA Kids.

Är SICONA Kids Guiden

4. Brennnessel-Chips

Haut weist iech den Tun wéi ee Brennessel-Chips um Feier mécht.

Mat just enger Pan, Ueleg, Brennnesselen a Salz kann ee ganz séier an einfach ee gudden Aperitif zauberen. Fir d‘Brennnesselen ze plécken, ouni sech dobäi un dene klengen Heeërcher ze schneiden déi ënnert de Brennesselsblieder sinn, ass eng Konscht.

D‘ Brennnessel huet awer Heelwierkungen, a wierkt z.B. bei Rheuma, Arthros a Gelenkschmäerzen, ass awer och gutt fir d‘Prostate a fir d’Blos, an och fir Entzündungen am Daarm soll se gutt wierken. Och dem Brennnesselsom gi vitaliséierend Wierkungen nogesot.

Op an der Zopp, als Chips, als Téi oder de Som op der Zalot, d’Brennnessel ass villsäiteg an der Kichen ze benotzen. An als Jauche ugesat hëlleft si och nach de Buedem natierlech ze düngen. Do soll nach ee soe Brennnessel wär just Onkraut!

D‘Brennnessel ass also gutt fir d’Gesondheet, a schmaacht dobäi och nach excellent. Dëse gudde Geschmaach kënnt bei de Brennnesselchips besonnesch gutt eraus.

Dofir: probéiert mol, et ass ganz einfach.

A sollt dir iech geschnidden hunn an et brennt un de Fanger: mir wäerten iech och dofir nach emol ee Rezept weisen well, wéi scho gesot: géint all Bobo ass och ee Kraut gewuess!

Rezept Brennnesselchips

Bleift dobäi, bei SICONA kids

An, iwwerhaapt, hutt dir och ee gutt Kraider-Rezept aus Ärer Hexekichen doheem?

Schéckt eis Äert Rezept op corinne.camusel@sicona.lu, wat dir doheem mat Kraider zaubere kënnt. Mir si gespaant op äert Rezept!

Mir freeën eis!

Är Equipe vu SICONA kids

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Ansprechpartner Kinder- und Jugendaktivitäten


Pädagogische Abteilung

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen