SICONA kids – Kraider

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Kraider a Co.

1. Kraider – wat wéi a wou? Alles ronderëm d’Kraider

Dës Woch geet et em Kraider: Gaardekraider a wëll Kraider aus de Wisen. Dass Kraider och Heelwierkungen hunn, wossten se schonn am Mëttelalter. Wat muss ee wësse fir Kraider wëll ze plécken?

Dës Woch stelle mir iech d’Pissblumm an e puer Rezepter fir an erzielen iech vun Hexen a Kraider – als Widderhuelung dann de Quiz um Enn vun der Woch – dëst alles bei SICONA kids.

2. Kraiderbotter- Rezept

Moie Kanner!

Hutt Dir och e puer frësch Kraider am Gaart oder bei Iech um Balcon? Haut weist d‘ Françoise Iech, wéi Dir kënnt domadder Kraiderbotter selwer maachen.

Loosst Iech et gutt schmaachen!

3. Geschicht vun Hexen an Hexekraider

Moie Kanner !

An dëser Woch vun de Kraider erzielen ech iech eppes iwwert Zauberplanzen an Hexekraider.

D‘Nicole huet iech de Méinde scho vill iwwert déi verschidden Zorte Kraider gezielt. Di eng hu mir an eisem Gaart fir z’iessen a fir ze wierzen, déi anerer wuesse wëll dobaussen an de Wise wéi z.B. d’Pissblumm.

D’Nicole huet ausserdeem erzielt, dass et och Kraider ginn déi Heelwierkungen hunn. Dat wossten se schonn am Mëttelalter!

Mee hutt dir dann och schonn eppes vu „Hexekraider“ oder „Zauberplanzen“ héieren?

Wa mir vun Hexekraider schwätzen, dann denke mir jo sécher un d‘Hexen. Et gëtt gesot, dass d‘Hexe fléie kënnen. An dass si dofir hire Biesemsstill mat Hexesallef areiwen. Des Hexesallefe ware besonnesch am Mëttelalter bekannt. Sou eng Sallef hunn sech d’Hexen aus ganz verschidde Planzen am Hexekessel zesumme gekacht. Verschidden Hexesallefen haten eng änlech Wierkung wéi Drogen. Deen dee sech domadder ageriwwen huet ass ganz dusseleg, midd oder opgereegt ginn. Heiansdo huet deen och gefuebelt, an huet geduecht e géif e sech an en Déiere verwandelen oder e kéint fléien!

Dorops hin sinn d’Hexekraider am Mëttelalter mat Zauberei oder mam Däiwel a Verbindung bruecht ginn. D’Leit déi d’Wierkung vun de Planzen net kannt hunn, hunn gefaart! Si hunn dat net verstanen an dat huet hinnen Angscht gemaach. Do hunn si d’Kraiderfraen als Hex ugeklot a verjot. Sou ass et zu den Hexejuegte komm.

Mee net all déi selwer gemëschten Hexesallefen haten halluzinoge Wierkungen. (Kanner, wann een eppes gesäit, héiert oder richt wat net wierklech do ass, da soe mir: „deen halluzinéiert“. D’Wierkung vun esou Drogen nennt een dann „halluzinogen“.) Aus dëse Kraider sinn och erstaunlech Rezepter gemëscht ginn déi geheelt hunn, déi also bei Krankheete gehollef hunn

Wat wësse mir eigentlech haut nach iwwert déi „Hexekraider“ déi hei an Europa heemesch sënn?

Déi bekannt Hexekraider wuesse bei eis am Gaart wéi de Salbei, oder an de Wiesen z.B. d‘schmuelt Weeblat oder am Bësch, do wiisst d‘Mäkräitchen. Et ginn awer och nach ganz vill anner Hexekraider an Zauberplanzen nämlech d‘Kamill, dat grousst Hexekraut, den echte Baltes, d‘Brennnessel, d‘Pissblumm, de Bäibëss, d‘Ringelblumm oder den Thymian.

Haut ze Daags gi se an de Medikamenter genotzt, wei och als Téi, Sallef oder Sirop. De Salbeitéi oder den Thymiantéi wierke berouegend géint Halswéi. D’schmuelt Weeblat – Sallef kann en huele géint Insektestéch. De Pissblummensirop schmaacht net nëmme gutt, mee stäerkt och eisen Immunsystem. De Mäkräitchentéi kann en géint Kappwéi huelen. D‘Ringelblummsallef hemmt d‘Entzündungen a fuerdert doduerch d‘Wondheelung.

Jo, Hexekraider oder Zauberplanze sinn Heelplanzen!

Am Mëttelalter haten se nach keng Apdikte wéi mir haut, mee „Kraiderhexen“. Déi woussten deemools scho wat fir e Kraut ee fir welchen Zweck benotze kann.

Rezept Thymian- Sallef

Geschicht vun Hexen an Hexekraider

4. Mir maache Pissblummensirop a Pissblummenhunneg

Haut zum Thema Kraider maache mir ee Rezept mat Pissblummen. D’Lise weist iech wat mir mat deene schéine giele Blummen, déi grad iwwerall an de Wise bléien, Leckeres zaubere kennen: e gudde Pissblummensirop . Wa mir dëse Pissblummesirop eng Grimmel akachen, da kréie mir och nach e ganz gudde Pissblummenhunneg.

D‘Pissblumm kënnt dir vläicht och ënnert dem lëtzebuergeschen Numm : Bettseechesch oder dem däitschen Numm:  Pusteblume.

Vill Spaass beim Pissblumensirop kachen!

Är SICONA- Kids Guiden.

5. De Quiz aus der Kraiderwoch

Dës Woch si mir vill iwwer d’Kraider gewuer ginn. De Méindeg huet d‘Nicole z.B. erkläert  wat Kraider sinn an dass et ganz vill verschidde Kraider gëtt. Mir krute gesot op wat mir muss oppasse wann mir Kraider sammelen oder Blumme plécke ginn. D‘ Françoise an d‘Lise  hunn eis 2 einfach Kraiderrezepter gewisen déi mir selwer kënnen ausprobéieren.

Haut maache mir de Quiz unhand vum Spill „Himmel an Häll“. D‘Françoise weist Iech wéi d‘Spill geet.

Ech stellen Iech e puer Froen zu der Kraiderwoch– a ech ginn Iech direkt d’Äntwerten.

Vill Spaass beim nomaachen!

Di nächst Woch ass Thema „Liewensraum Waasser“. Am Waasser oder beim Waasser fanne mir vill Déieren déi do hire Liewensraum hunn.

Sidd gespaant, wat mir Guide fir Iech virbereet hunn.

Bis de Méindeg!

Bléift dobäi bei SICONA Kids!

Är Equipe vun de Guiden.

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Ansprechpartner Kinder- und Jugendaktivitäten


Pädagogische Abteilung

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen