SICONA kids – Liewensraum Waasser

Dës Woch dréint sech alles bei eis em den Liewensraum Waasser a Co.

1. Liewensraum Waasser

Dës Woch geet et em d‘Déieren an a ronderëm d’Waasser.

Hei gëtt et vill z’entdecken. Kennt dir schonn all déi Déieren déi am a beim Waasser liewen?

Mir ginn dëmpelen a bei d’Baach, a weisen iech e puer vun den Déieren déi een hei ka fannen.

Dir gitt och gewuer wéi een ee Flooss baue kann, dee gutt um Waasser schwëmmt.

Passt gutt op, da wësst dir d’Äntwerte fir de Quiz um Freiden.

Vill Spaass, bei SICONA kids

2. Mam Nicole entdecke mir de Weier zu Ollem

Moie Kanner

Haut gi mir mir mam Nicole op Ollem bei de Weier. Mir kucke wéi eng Déieren hei wibbelen a sech wuelfillen. Mat enger Becherlupp geet dat ganz flott. Mir passe richteg gutt op, dass mir des kleng Liewewiesen net verletzen. Wa mir se gekuckt hunn, loosse mir se nees zeréck an de Weier. Freet dir iech och schonn ob d’Fräschen an hiert Gegrommels?

Vill Pleséier beim kucken

3. Mir bauen haut ee Flooss

Gudde Moie Kanner,

Haut bei SICONA kids zum Thema Waasser baue mir eis e Flooss.

D’Lise gëtt Iech eng Iddie a weist wéi dir dat einfach nobaue kënnt.

Dir hutt Loscht dat auszeprobéieren? Da schéckt ons eng Foto vun ärem Flooss

per E-mail un : corinne.camusel@sicona.lu

Mir sammelen all är Iddien a stellen se dann an enger Galerie aus.

D’Sylvie weist iech muer wéi eng Déieren hatt hatt bei der Baach fënnt.

Vill Spaass beim nobauen!

Är SICONA Kids Guiden

4. Mir entdecken d’Baach mam Sylvie a mam Flocki

“Wasser braucht der Wasserfloh,

und das Nilpferd ebenso,

Wasser braucht der Wasserhahn,

dass sich jeder waschen kann,

und am Baum ein jedes Blatt

wächst nur, wenn es Wasser hat.

Wasser braucht die ganze Welt,

weil es sie am Leben hält“. – Monika Erhardt

Education nationale Luxembourg, Mila – Arbeitsheft zur Einheit 4 (2015), S. 80

Haut hellt Iech d‘Sylvie mam Flocki mat bei d‘Baach. Do gëtt et vill z’entdecken. Sie weisen iech firwat d‘Baache wichteg sinn a wéi eng Déieren a Planzen dovunner profitéieren.

Fir muer huet d’Lise Iech e klénge Quiz virbereet.

Vill Spaass, bei SICONA Kids

Är Guiden

5. „De Liewensraum Waasser“– Quiz

Moie Kanner!

Kënn Dir déi follgend Déieren hei benennen.

Bonus Fro: Wéi vill Eeër leet de Waasserfräsch pro Joer?

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Ansprechpartner Kinder- und Jugendaktivitäten


Pädagogische Abteilung

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen