SICONA kids – D’Natur, eng Plaz fir sech ze erhuelen

Dës Woch dréint sech alles bei eis em d’Natur, eng Plaz fir sech ze erhuelen a Co.

1. D’Natur eng Plaz fir sech ze erhuelen

Dës Woch ass eist Thema: D’Natur eng Plaz fir sech ze erhuelen.
Fir Jiddwereen ass et (grad elo) wichteg en Ausgläich zu sengem Alldag ze fannen. Mir huelen iech mat eraus a weisen iech dës Woch e puer méi aktiv awer och méi relax Aktivitéite fir an der Natur auszeprobéieren.

Vill Spaass! Är SICONA Kids Guiden

2. Spillen am Bësch

Moie Kanner,

Wann dir an de Bësch spille gitt, musst dir ob gewësse Saachen oppassen Dat erkläert iech haut alles d’Lise a weist iech och nach flott Spiller!

Vill Spaass an der Natur Kanner!

Är SICONA Kids Guiden

3. Spillen ouni Extra-Material

Moie Kanner,

An dëser Woch mam Thema „d’Natur – eng Plaz fir sech ze erhuelen“, erkläert Iech d‘Sylvie wat fir eent flott Wisespill e ka spillen mat wéineg oder guer kengem extra Material.

Fir dëst Spill brauche mir net méi wei eng Wiss mat schéine verschiddene Blummen a Grieser eng flott Plaz, eventuell zwee Dicher, mindestens 4 Kanner a scho kann et lass goen. Wann ee keng zwee Dicher derbäi huet, da sicht een sech einfach eng Plaz um Spadséierwee . Déi mécht een e bëssi propper. Et geet duer, dass een d’Blieder an d’Äscht déi do leien op d‘Säit schäert.

  1. Mir plécke Blummen a Grieser déi mir an de Wise fannen. All Blumm an all Gras direkt zweemol.
  2.  2 Kanner stellen sech dann 2 Meter wäit auserneen. Si sinn eis Kënschtler A a B.
  3. Déi aner Kanner (mindestens 2) stellen sech tëschent eisen 2 Kënschtler op. Si sinn d’Telefonsleitung a mussen d’Informatioune vum Kënschtler A bei de Kënschtler B transportéieren.
  4. Wann 2 Kanner d’Telefonsleitung sinn, da steet een „Telefonsleitungskand“ beim Kënschtler A, an dat anert „Telefonsleitungskand“ an der Mëtt vun deenen 2 Meter. Wa méi Kanner matspillen, da verdeelen déi sech ob der Längt vun deenen 2 Meter tëschent den 2 Kënschtler.

Ziel vum Spill:

De Kënschtler A leet ee Bild mat de Blummen an de Grieser. De Kënschtler B muss um Schluss eng exakt Kopie vun deem Bild nogeluecht hunn.

An esou geet Spill:

De Kënschtler A leet mat de Grieser d’Rumm vum Bild.

Iwwert d‘Telefonsleitung geet des Informatioun weider un de Kënschtler B.

Wann 2 Kanner des Telefonsleitung maachen, leeft dat éischt Telefonsleitungskand an d’Mëtt bei dat 2. Telefonsleitungskand a pëspert him d’Informatioun an d’Ouer. Dat 2.Telefonsleitungskand leeft da bei de Kënschtler B a pëspert him an d‘Ouer wat hie maache muss.

Wa méi Kanner des Telefonsleitung spillen, da pëspert een deem aneren d’Informatiounen an d’Ouer. Dee leschten an der Rei pëspert dem Kënschtler B wéi hien seng Rumm muss leeën.

No a no leet de Kënschtler A säi Bild fäerdeg. All neit Element vum Bild gëtt iwwert d’Telefonsleitung weidergepëspert.

Sinn  d‘Biller vum Kënschtler A a vum Kënschtler B dann elo och identesch? Wat meng dir? Probéiert et emol aus.

1.Den éischte Kënschtler leet no an no säi Bild.

2.Zum Schluss soll Bild vum éischte Kënschtler an dem zweetem Kënschtler identesch sënn.

3.D’Blummen an Grieser kenn dir nom spillen als schéine Bouquet ärer Mamm mat Heem huelen.

4.Als Ofschloss kenn dir nach eng kleng Rascht maachen. Leet iech einfach op de Réck an d‘Wiss a kuckt de Wolleken no.

5.An hei nach emol de Resumé.

Mir wënschen Iech vill Spaass beim nospillen! Muer maache mir eng Entspanung mam Françoise.

Äddi Kanner. Är SICONA Kids Guiden

4. Entspanung an der Natur mam Françoise

Sicht iech eng schéi Platz dobaussen, wou dir iech wuel spiert. An da kann et och scho lass goen.

Traut iech a probéiert déi verschidden Übungen aus. Dir spiert selwer wéi eng Zort Entspanung iech am beschten deet.

Muer gesitt dir wéi sech déi aner Guiden     sech am léifsten an der Natur entspanen.

Vill Spaass Kanner! Är SICONA Kids Guiden

5. Meng Liblingsplaz an der Natur

Léif Kanner,

Dës Woch war eist Thema „d’Natur eng Plaz fir sech ze erhuelen“. D’Françoise huet iech gewisen, wéi mir vun der Natur profitéiere kënnen. Den Dënschden huet d’Lise iech mat an de Bësch geholl a mat iech Spiller gemaach. De Mëttwoch huet d’Sylvie Spiller gemaach ouni Material. Den Donneschden war d‘ Françoise mat iech eraus an huet Entspanungsübunge mat iech gemaach.

An Haut kucke mir eis mol un, wéi déi aner Guiden sech an der Natur am léifsten entspanen.

Dir kënnt eis jo är Plaz schécken, wou dir am léifste sidd an der Natur, ob corinne.camusel@siocona.lu . Mir géifen eis freeën!

Nächst Woch hu mir Thema „Abenteuer Natur“.

Är SICONA Kids Guiden

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Ansprechpartner Kinder- und Jugendaktivitäten


Pädagogische Abteilung

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen