SICONA kids-Um Klingelbour

Dës Woch dréint sech alles bei eis em de Bongert „Klingelbour“  a Co.

1. Um Klingelbour am Bongert mat der Maison Relais vum Briddel

Moie Kanner !

Mir hunn de Bongert spilleresch kenne geleiert, a konnten de frësche Viz dono schmaachen.

D’Kanner aus der Maison Relais vum Briddel waren op Besuch am Bongert um Klingelbour.

Hei sti ganz vill Uebstbeem, an e puer Äppel konnte mir nach fannen, un an ënnert de Beem.

Uebstbeem ginn et vill verschiddener. D’Kanner kennen dat meescht Uebst wat am Bongert wiisst: Quetschen, Mirabellen, Kiischten, Äppel, Bieren a Quidden.

Mir hu Spiller gemaach, an esou de Bongert kennegeléiert.

Mir sinn op engem Been gesprongen an hunn een Apel-Parcours gemaach.

Vill Déieren hunn hei hire Liewensraum, och Villercher,sinn hei gutt versuergt.

Zum Schluss konnte mir am Buttek vum Klingelbourer Haff frësche Viz a Gebeess schmaachen.

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Menü

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen