Wéi leet een eng Blumewiss un? Praktesche Workshop
Fir d‘Biodiversitéit ze fërderen an den Insekten eng Fuddergrondlag ze bidden, kann een bléieräich Blummewisen a sengem Gaart uleeën. Am Workshop weise mir, wéi een derbäi virgeet a wouropper een oppasse sollt. Vun der Buedemvirbereedung bis zum Aséine gi mir Schrëtt fir Schrëtt duerch. Och erkläre mir, wéi d’Gestioun herno gemaach gi soll. Mir verwenden d’LUX-Mëschungen aus dem Wëllplanzesom Lëtzebuerg-Projet, déi ee mëttlerweil ob ville Plazen ze kafe kritt.
Workshop mam Simone Schneider (SICONA), Maurice Probst (SICONA) an Thierry Helminger (natur musée) am Kader vun der Expo Impact. La biodiversité en questions
Treffpunkt: Biodiversitéitszentrum SICONA, 12, rue de Capellen, 8393 Olm
Umeldung via Eventbrite