Wëllkomm bei SICONA kids !

Mir léieren d’Natur gären hunn, well dat wat mir gären hunn, dat schütze mir och.

Du wëlls un enger Naturaktivitéit fir Kanner an denger Gemeng Deel huelen, an denger Fräizäit ökologesch Zesummenhäng erkennen, z.B. wéi een Afloss de Mënsch op d’Natur huet oder wéi d’Joreszäiten funktionéieren? Du wëlls Freed, Spill a Spaass an der Natur?

Da bass du bei eis richteg! Komm mat a mell dech un!

Eis nei online Plattform ass do ! Awunner vun dëse Gemenge kënnen hir Kanner online umellen:

Bartreng, Biekerech, Biissen, Déifferdeng, Diddeleng, Dippech, Garnech,  Groussbus-Wal-Feelen-Mäerzëg (gruppéiert), Habscht, Helperknapp, Kayl, Käerch, Kielen-Koplescht (gruppéiert), Lëntgen, Leideleng, Luerenzweiler, Mamer, Miersch, Préizerdaul-Useldeng-Viichten (gruppéiert), Réiden, Rëmeleng, Sëll, Stengefort, Stroossen, Suessem, Walfer

Déi aner Gemenge kommen no. Villmols Merci fir Äer Gedold!

Dir braucht Hëllef? Schéckt eis gären eng E-Mail!

Besoin d’aide? Envoyez-nous un e-mail!

pedagogique[a]sicona.lu

Skip to content