SICONA kids – Alles iwwert de Kéisécker

Dës Woch dréint sech alles bei eis em de Kéiséecker a Co.

1. Moien Däreldéier – Wee bass du dann?

Moie Kanner!

Dës Woch geet et wéi den Titel et scho seet iwwert eise Kéisécker.

Hei bei eis zu Lëtzebuerg kënnt nëmmen de « Braunbrust – oder Westigel” vir (Erinaceus europaeus L.).

Eist Däreldéier ass definitiv e besonnescht Déier! Mat senger spatzer Schnuff a mat sengem pickege Stachelen ass hien Owes bei eis an de Gäert, Bongerten a Parken oder Hecken a Bëschränner ënnerwee.

Als Insektefrësser stöbert hien Owes duerch säi Revéier a sicht no allerlee kléngen Déieren, wéi nom Reewuerm a Schleeken, Kiewerleken a Raupen. Bei Geleeënheet och mol Vulleneeër, jonk Villercher a Mais. De Kéisécker gesäit net besonnesch gutt, mee huet dofir eng ganz gutt Nues!

De Kéisécker ass e Eenzelgänger, dat heescht ass ëmmer eleng ënnerwee. Si kënnen an der Fräiheet bis zu 7 Joer al ginn.

No der Paarung tëscht Mee an August bréngt de Kéisécker an der Reegel e mol am Joer bis zu 5 Klenger ob d’Welt. Déi Kléng komme blann op d’Welt. Mee si hunn awer scho Stachelen!

E mëttelgroussen Igel huet bis zu 2500 Stachele – en ausgewuessene Kéisécker bis zu 8000 Stachelen!

Dem Kéisécker schützt sech bei sengen natierleche Feinden andeems hie sech wéi eng Kugel zesumme rullt. De Fuuss, den Uhu, den Dachs a de Marder gehéieren zu sengen natierleche Feinden. De Kéisécker huet awer nach vill aner Feinden! De gréisste Feind vun eisem Däreldéier ass den Auto. Op senge Wanderungen nuets gëtt hien oft leider net ëmmer vun den Autofuerer gesinn. Aner Feinde sinn awer och de Méiroboter, de Fräischneider, Drot, a Netzer, do kann de Kéisécker mol ëm d’Liewe kommen.

Eise Kéisécker hält Wanterschlof. Am Oktober sicht hien no engem gudder Stopp, déi hie mat Laf, Grieser a Moos ausbaut. Do verschléift hien de ganze Wanter vun November bis Enn Mäerz.

Leider ass eise Kéisécker a Gefor! Géint déi néi Geforen duerch de Mënsch kënnt et zu enger héijer Stierflechkeet vu eisem Kéisécker. Wéi mir doheem dem Kéisécker awer kënnen hëllefen, weist iech d’Lise den Donneschden!

Bléift dobäi bei SICONA kids!

Är Guiden

Däreldéieren hunn beim Marielle am Gaart eng gutt Plaz fonnt, wou Sie genuch z’Iessen fannen, och déi Kleng.

bësse virwëtzeg ass de Kéisécker schonn.

Fir iwwert Blummebeet ze trëppelen ass fir hie kee Probleem.

2. Wéi kënne mir dem Kéisécker hëllefen?

Moie Kanner!

Dës Woch dréint alles em eise Kéisécker! Den Dënschden huet d‘Lise eis gewise wéi de Kéisécker lieft a wisou mir e schütze mussen.

Am Hierscht brauch de Kéisécker Ënnerschlupf, wou hie säi Wanterschlof hale kann. Dofir weise mir iech haut wéi mir dem Kéisécker kënnen hëllefen.

Wéi dir scho wësst hält de Kéisécker Wanterschlof vun November bis Enn Mäerz.

Leescht Joer am Hierscht hat d’Lise eng Aktivitéit iwwert de Kéisécker mat de Kanner aus der Gemeng Mamer an Dippech. Do hate Kanner flott Behausungen aus Blummendëppen an en Igelhaus gebaut. Wéi si dat gemaach hunn erkläre mir iech hei.

Als éischt éier mir ufänke mat bauen, siche mir no enger dréchener geschützter Plaz, dat heescht ënnert engem Ënnerdaach, Bam oder ënnert enger Heck. D‘Plaz soll esou sinn, dass de Kéisécker och net permanent gestéiert gëtt.

Déi éischt a manner opwändeg Variant ass mat grousse Blummendëppen e Ënnerschlupf ze maache fir eise Kéisécker. Dofir braucht dir just Blummendëppen, eng roueg geschützte Plaz a vill Blieder, Moss a Grieser. Da kann et scho lass goen. Blummendëppe befëlle mir mat Blieder, Gras a Moos, a bedecken et mat ganz vill Blieder. Esou hutt dir dem Kéisécker eng schéi waarm Plaz gemaach, wou hie säi Wanterschlof kann halen. Blummendëppe muss grouss genuch sinn, esou en Igel ka bis zu 30 cm laang ginn

Déi zweet Variant ass en Igelhaus aus Holz ze bauen. Wéi mir deemools dat an der Aktivitéit gemaach hunn fannt dir ob eiser Homepage https://sicona.lu/siconakids/ „Bauplan für ein Igelhaus“.

Wann dir keng Blummendëppen an Holz hutt fir eng Behausung ze machen, kënnt dir och einfach wéi virdrun ob enger dréchener Plaz an ärem Gaart oder Géigend e Koup mache mat ganz vill Blieder. Dir musst just drop oppassen, dass äre Koup Blieder ënnert engem Ënnerdaach, Beem oder ënnert enger Heck, do wou de Kéisécker och ganz ongestéiert säi Wanterschlof hale kann.

Wann dir wësse wëllt ob en Däreldéier an är Behausung komm ass, da kënnt dir bësse Sand laanscht d‘Behausung maachen, esou gesitt dir och seng Spueren. De Wanterschlof vum Kéisécker kann och mol bis an den Abrëll daueren. Esou laang sollt dir onbedéngt de Kéisécker mat Rou loossen.

D’Liewen ass fir de Kéisécker méi schwéier ginn. Tëscht den Haiser ass et fir eisen nuetsaktive Kéisécker méi beschwéierlech ginn sech ze beweegen. Dir kënnt net nëmmen Doheem dem Kéisécker hëllefen andeems dir him hëlleft eng Behausung ze maachen. Mee och andeems dir an ärem Gaart keng Chimie benotzt. Duerch Schleekegëft an Insektiziden fënnt de Kéisécker keng Nahrung méi an si kënnen dovunner krank ginn. Gäert sinn oft mat onduerchlässege Grenzdréit oder Maueren emzonkt, esou kann de Kéisécker net wanderen duerch säi Revéier. Do kënnt dir hëllefen andeems dir him kéiséckergerecht Lächer an d‘Dréit oder d‘Mauere maacht. Eng Blummesträif a Wiss uleeë gesäit net nëmme schéin aus an ass fir eis Insekte ganz wäertvoll, och do fënnt eise Kéisécker z’Iessen an eng Stopp.

Vill Spaass Kanner beim Hëllefe vun eisem Kéisécker!

Är SICONA kids Guiden

Kanner aus der Gemeng Mamer an Dippech hu ganz fläisseg um Igelhaus gebaut – a natierlech och bemoolt.

Lescht Joer hate Kanner aus der Gemeng Mamer- Dippech eng flott Aktivitéit iwwert eise Kéisécker.

E Blummendëppen op eng dréche Plaz maachen a scho kënnt dir ufänken dem Kéisécker seng Behausung mat Blieder, Moos a Gras ze fëllen.

Hei hu Kanner aus der Gemeng Beetebuerg Kéiséckeren aus Leem gebastelt.

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content