Wisen nees méi faarweg maachen – Wéi geet dat dann?

Wann

17.10.2022    
20:00 - 21:00

Veranstaltungstyp

D’SNL an den ‘natur musée’ an Zesummenaarbecht mat weideren Organisatiounen invitéieren op eng Serie vu Videokonferenzen vun Oktober 2022 bis Mäerz 2023 ëmmer Méindes um 20:00 Auer!

D’Zil ass verschidden Aartegruppe virzestellen a fir d’Aartevilfalt ze begeeschteren, awer och op   den Aarteverloscht  opmierksam ze maachen.

D’Virträg ginn op Lëtzebuergesch oder Däitsch gehalen an daueren 30-45 Minutten, duerno ass Zäit fir Froen an e flotten Austausch. Fir kënne live bei de Videokonferenzen derbäi ze sinn, muss ee sech umellen.

Link fir d’Umeldung:

www.snl.lu/events/serie-videokonferenzen an op www.mnhn.lu/videoconferences

 

Weider Infoen:
www.snl.lu an op www.mnhn.lu

Skip to content