Landwirtschaft a Landschaft: Besuch op engem “Natur genéissen” Bauerenhaff

Wann

19.06.2022    
14:00 - 17:00

Veranstaltungstyp

Bei dëser Excursioun besiche mer de Bauerenhaff Goedert zu Osper. Um Haff kritt Dir en Abléck an dëse Biobetrib dee Schwéngefleesch, Rëndfleesch an Planzenueleg produzéiert. Duerno maache mer e Spadséiergank iwwert de Flouer, wou mer Wisen a Stécker vum Betrib gesinn an Erklärungen zum Zesummenhang vu Landwirtschaft a Landschaft kréien.
Dat Ganzt dauert ongeféier 2,5 Stonnen. Fest Schong virgesinn, w.e.g.!

Treffpunkt: 12b, rue Principale, L-8540 Ospern
Umeldung :  oder 26 30 36 25

Dëse Projet gëtt vum Nohaltegkeetsministère ënnerstëtzt.

——————————————————————————–

Agriculture et paysages : Visite d’une ferme « Natur genéissen »

Au programme de cette excursion figure une visite de la ferme Goedert à Ospern. Cette ferme biologique produit de la viande de porc, de bœuf et des huiles végétales. Au cours d’une promenade dans les alentours de la ferme, nous visitons les prairies et les champs de l’exploitation et allons découvrir les corrélations qui existent entre agriculture et paysage.
L’excursion durera environ 2,5 heures et se tient en langue luxembourgeoise. Prévoir de bonnes chaussures !

Lieu: 12b, rue Principale, L-8540 Ospern
Inscriptions par e-mail:  ou par téléphone: 26 30 36 25

Ce projet est soutenu par le ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable.

Skip to content