Leeëndecker a Schmuewelen am urbane Raum zu Stengefort

Wann

27.07.2022    
18:00 - 20:00

Veranstaltungstyp

Wann Dir méi iwwert déi außergewéinlech Liewensweis vun Schmuewele an Leeëndecker wësse wëllt, da kommt mat op eise klenge Spadséiergank zu Stengefort! Se stin ons Menschen ganz no – net nemmen reesen se als Weltenbummler all Joer wäit, mee oft wunne se mat eis ënnert engem Daach, ouni dass mir et mierken. Op eisem owendlechen Tour duerch Stengefort kucke mir ons déi grouss Kolonien vun Stall-, Fënsterschmuewele an virun Allem de Leeëndecker am Zentrum un.

Aus verschiddene Grënn kréien eis Matbewunner et ëmmer méi schwéier, gëeegent Nistplazen ze fannen. Dofir stelle mir Iech verschidde Moossname vir, déi ee kann ënnerhuelen, fir dës eenheemesch Aarten ze ënnerstëtzen an hiert Iwwerliewen ze sécheren. Den Tour dauert ca. 1 Stonn.

Treffpunkt: Parking CIS: rue Collart, L-8414 Steinfort
Umeldung :  oder 26 30 36 25

Dëse Projet gëtt vum Nohaltegkeetsministère ënnerstëtzt.

——————————————————————————–

Martinet et hirondelles en zone urbaine à Steinfort

Vous voulez en savoir plus sur le mode de vie exceptionnel des hirondelles et du martinet noir? Alors rejoignez-nous lors de notre balade à Steinfort! Ils nous ressemblent, car non seulement ils voyagent tous les ans pour rejoindre des contrés lointaines mais nous partageons également le même toit sans que nous ne nous en apercevions. Lors de notre balade en fin de journée, nous observerons les colonies nombreuses des hirondelles rustiques et de fenêtre et surtout le martinet noir au centre ville.

Pour différentes raisons, nos colocataires volants ont de plus en plus de  mal à trouver des endroits de nidification adaptés. Nous allons vous montrer différentes mesures qui servent à les protéger et à sauvegarder leur survie. L’excursion dure environ une heure

Lieu: Parking CIS: rue Collart, L-8414 Steinfort
Inscriptions par e-mail:  ou par téléphone: 26 30 36 25

Ce projet est soutenu par le ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable.

Skip to content