Wann

28.05.2022    
10:00 - 15:00

Veranstaltungstyp

Fir d’Biodiversitéit ze ënnerstëtzen a Blummewisen unzeleeën si qualitativ héichwäerteg Geseemsmëschunge mat Wëllplanzen aus Lëtzebuerg gëeegent. D’Naturschutzsyndikat SICONA an ‚natur musée’ schaffen zanter e puer Joer mat Lëtzebuerger Baueren an enger Rei Partner um Opbau vun enger Someproduktioun vu Wëllplanzen.
Op der Porte-Ouverte vum Projet ‚Wëllplanzesom Lëtzebuerg’ kritt Dir en Abléck, wéi Som vun heemesche Wëllplanze produzéiert gëtt. Kuckt Iech déi bléiend Kulturen um Feld un a loosst Iech de biologeschen Ubau vu wëlle Kräider a Grieser erklären.
Mir stellen Iech d’Geseemsmëschungen (LUX-Mëschungen) vir a beroden Iech gär wéi och Dir domat eppes géint de Biodiversitéitsverloscht ënnerhuele kënnt.

De Rendez-vous ass direkt bei de Blummen um Feld ze Koplescht.

Treffpunkt: Croisement rue des Champs/rue de Schoenfels, L-7312 Kopstal
Umeldung :  oder 26 30 36 25

Dëse Projet gëtt vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung finanzéiert; mat der Ënnerstëtzung an ënner der Opsiicht vum Saatgut-Unerkennungsdéngscht vun der Verwaltung fir technesch Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA).

——————————————————————————–

Porte ouverte Wëllplanzesom à Kopstal

Les mélanges de semences de plantes sauvages du Luxembourg sont d’une excellente qualité et se prêtent à planter des champs de fleurs et à promouvoir la biodiversité. Le syndicat pour la conservation de la nature SICONA et le Musée national d’histoire naturelle MNHN travaillent depuis quelques années en coopération avec des agriculteurs luxembourgeois et d’autres partenaires pour mettre en place une production de semences de plantes sauvages.
Lors de la porte ouverte du projet « Wëllplanzesom Lëtzebuerg » vous découvrirez comment les semences de plantes sauvages indigènes sont produites en visitant les cultures en pleine floraison dans les champs. Les professionnels vous fourniront par ailleurs des explications sur l’agriculture biologique des herbes sauvages.
Nous vous présenterons par la même occasion le mélange de semences « LUX-Mëschung » et vous conseillerons sur la façon de l’utiliser chez vous pour remédier à la perte de la biodiversité.

Nous vous donnons rendez-vous au milieu des fleurs dans les champs à Kopstal.

Lieu: Croisement rue des Champs/rue de Schoenfels, L-7312 Kopstal
Inscriptions par e-mail:  ou par téléphone: 26 30 36 25

Ce projet est financier par le ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable ainsi que soutenu et vérifié par le service de certification des semences et plants de l’Administration des services techniques de l’agriculture (ASTA).

 

Skip to content