De Steekueb (d: Dohle, fr: Choucas des tours) ass eise klengste Kueb an zeechent sech besonnesch duerch seng opfälleg sëlwereg Aen an seng klangvoll “kjakk”-Rufer aus. Steekuebe liewe bei eis oft an de Stied an hunn et ëmmer méi schwéier nach Splécken a Lächer an eise renovéierte Gebaier ze fanne fir hir Näschter ze bauen.
Schonn de berühmte Verhalensfuerscher Konrad Lorenz huet dat erstaunlecht Sozialliewe vun de Steekueben dokumentéiert. Si “verlobe” sech schonn am éischte Liewensjoer mat hirem Partner, mat dem si spéider Klenger opzéien an e Liewe laang zesumme bleiwen. Si liewen a Kolonien an deenen all Déieren sech kennen an eng Rangfolleg hunn. Nom Ausfléie vun de Jonke këmmeren sech och aner Elteren ëm si a souguer fir krank Déiere gëtt gesuergt.

Skip to content