SICONA kids- Äppelstreisel um Feier

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Kachen um Feier a Co.

1. Kanneraktivitéit “Äppelstreisel um Feier”

Moie Kanner !

Zu Keespelt  hu mir Äppelstreisel um Feier gemaach.

Wéi dat geet, hu mir zesummen ausprobéiert: an engem Dutch-oven.

Dat schwéiert gossen Dëppen, mat Deckel fir d’Glous dropzeleeën, ass geduecht fir och dran ze baken. Sou gëtt de Streiselkuch vun uewen a vun ënne gebak.

Kompott hu mir och gemaach, an di déck frësch Äppel aus dem Bongert hunn eis extra gutt geschmaacht.

Mir hunn dierfen am Max säi Bongert goe fir gutt frësch Äppel ze plécken an ze rafen.

D’Äppel hu mir gewäsch, geschielt a kleng geschnidden. An der Pan hu mir se gedënst, mat Kanéil gewierzt a mat Viz ofgeläscht.

De Streisel hu mir gemaach mat Miel, Botter an Zocker

Mir hu Feier an der Feierschossel gemaach, a Kuelen derbäigi fir eng gutt Glous ze kréien Alles an d’Dëppen an eisen Äppelstreisel ka lo baken, vun zwou Säite mat Glouss geheizt. An dobäi hu mir nach eng Pan Äppelkompott gemaach.

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Durch die weitere Nutzung der Seite stimmen Sie der Verwendung von Cookies zu. Weitere Informationen

Die Cookie-Einstellungen auf dieser Website sind auf "Cookies zulassen" eingestellt, um das beste Surferlebnis zu ermöglichen. Wenn du diese Website ohne Änderung der Cookie-Einstellungen verwendest oder auf "Akzeptieren" klickst, erklärst du sich damit einverstanden.

Schließen