SICONA kids- Champignon

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Chamignonen a Co.

1. Liewewiese Champignon – Weder Planz nach en Déier – wee bass du dann?

Moie Kanner !

Haut geet et em e Wiese wat jidderee vun iech sécher scho gesinn huet. Haut dréint sech alles em déi faszinéierend Welt vun de Champignonen!

Den Hierscht ass de beschten Zäitpunkt fir déi bezaubernd Liewewiese besser kënnen ze léieren. Dann kann en nämlech vill Champignonen entdecken.

Genee geholl ass de Champignon weder Déier nach Planz. Hie brauch fir säi Stoffwiessel organesch Närstoffer, genee wéi eis Déieren och. Am Géigendeel zu de Planze kann hie mat Sonnenenergie keng Photosynthese bedreiwen. Heifir feelt him de Stoff Chlorophyll. Dir gesitt, de Champignon ass e ganzt speziellt Liewewiesen.

Weltwäit ginn et méi wei 100‘000 Champignonsaarten – an all Faarwen a Formen.

Och si spillen eng wichteg Roll an der Natur! Ouni Champignone wär et mol guer net méiglech aus organeschem Material Humus ze maachen. Et gi Champignonen, déi an enger besonnescher Verbindung mat Planze stinn, meeschtens mat Beem. Dat nennt een eng Symbiosen an dat bedeit dass si liewenswichteg Stoffer géigesäiteg austauschen. Esou gëtt de Champignon dem Bam Waasser a Mineralien a kritt am Géigenzuch vum Bam Zocker. Ausserdeem ernären sech ganz vill Déiere vu Champignonen. Zum Beispill den Hirsch, den Dachs,d‘ Wëllschwäin, d‘Kaweechelchen. D‘Schleeken an esouguer d‘ Kiewerleken hunn d‘ Champignonen op hirem Iessplang stoen.

Dat wat mir „Champignon“ nennen, ass just e kléngen Deel vum Champignon (Fruchtkörper). Den eigentlechen Deel vum Champignon befënnt sech ënnert dem Buedem – e feint Pilzgeflecht, Myzelium genannt.

Hei zu Lëtzebuerg sinn all Champignonsaarte geschützt! Et ginn am Ganze 55 iessbar Champignone bei eis am Land. D’Lëscht vun den iessbare Champignone fannt dir am Annexe B2 vum „Règlement grand-ducal du 8 janvier 2010“ (http://data.legilux.public.lu/file/eli-etat-leg-memorial-2010-14-fr-pdf.pdf). Wa mir mat Champignone wëlle kachen , dierfe mir 1 kg pro Persoun huelen. Soss dierfen nëmmen 3 Champignonen (Fruchtkörper) pro Kapp a pro Dag gepléckt ginn. An engem Naturschutzgebitt oder Naturschutzreservat ass et verbuede Champignonen ze sammelen (weider Detailer fannt dir och ënner https://www.naturemwelt.lu/wp-content/uploads/2019/07/Champignon_DE.pdf)

Wësst dir, wéi Champignonen sech verbreeden? Richteg –  iwwer Sporen. Wat Sporen sinn erkläre mir iech an eisem nächste Post um Beispill vum Lamellenchampignon.

Bleift virwëtzeg a Sidd derbäi bei SICONA kids!

Är Guiden

Champignonen hu ganz vill verschidde Strategië fir ze liewen. Verschiddener ernären sech parasitesch, dat heescht vun aner Liewewiesen, wéi z.B, den Hallimasch (Armillaria ostoyae)

Et ginn och Champignonen, déi an enger besonnescher Verbindung sti mat Planzen, meeschtens mat Beem. Dat nennt een eng Symbiose, si tausche liewenswichteg Stoffer géigesäiteg aus. De Champignon gëtt dem Bam Waasser a Mineralien, esou guer Antibiotik. Am Géigenzuch kritt de Champignon vum Bam Zocker.

Champignonen droen de gréissten Deel bäi, fir dass aus dem organesche Material duerno erëm Humus gëtt – wéi hei um Bild, wou Champignonen am gaange sinn en Dännenzap ze zersetzen.

Wéi plécken: Mir rappe kee Champignon aus dem Buedem einfach esou eraus! Wa mir Champignone wëlle sammele fir eppes domadder ze maachen, schneide mir se mat engem Messer of. Esou verletze mir de Champignon net an hie kann erëm ongestéiert wuessen.

natur&ëmwelt huet eng ganz flott Broschür erausbruecht iwwer Champignonen hei zu Lëtzebuerg. Dir kënnt déi Broschür bei hinne bestellen oder ënnert dësem Link eroflueden https://www.naturemwelt.lu/wp-content/uploads/2019/07/Champignon_DE.pdf

2. Liewewiese Champignon – Mat de Sporen e Bild maachen

Moie Kanner,


E Lamellenchampignon ass einfach ze bestëmmen. Dëse Champignon huet verdéifte Rillen an der banne Säit vum Hutt .Dës verdéifte Rillen nennt ee „Lamellen“. Dohier kënnt de Numm

Bei der Bestëmmung vu Champignone musse mir villes beuechten:

→ wou de Champignon wiisst : am Bësch, Wiss oder Weerand

→ wéi de Champignon ausgesäit : säin Hutt a säi Still

Champignonen hunn heiansdo ganz gëfteg Doppelgänger!

→Besonnesch wichteg ass och d‘Faarf vu senge Sporen..

Spore sinn änlech wéi bei de Planzen dem Champignon seng „Somen“, woumat e sech weider vermehre kann. Si ginn duerch de Wand oder duerch Déiere weider verbreet. Ob enger gëeegenter Plaz fänken d‘Sporen u mat keimen. Si bilden dann e neie Myzel aus. D‘ Spore sëtze bei de Lamellenpilzen an deene verdéifte Rillen an der banne Säit vum Champignonshutt. Well Spore ganz butzeg sinn, ass et schwéier d‘Faarf direkt ze erkennen, souguer mat enger Lupp as et nach schwiereg.d‘Sporefaarf ka ganz ënnerschiddlech sinn. Si variéiert vu wäiss bis giel, vu roudelzeg bis brong a kann esou guer schwaarz sinn. Um Champignon senge Lamelle kann een net erkenne wéi eng Faarf seng Sporen hunn. Sou kann z.B. e Champignon mat bronge Lamelle wäiss Sporen hunn.

Fir d‘Faarf vun de Sporen eraus ze fannen a gläichzäiteg ze bestëmmen em wéi ee Champignon et sech handelt, brauche mir just e Stéck Pabeier (wäiss oder schwaarz) an e Messer. Mam Messer schneide mir virsiichteg de Still ënnert dem Hutt vum Champignon of. Den Hutt leeë mir mat der Lamellesäit ob ee wäisst oder schwaarzt Stéck Pabeier. Wann dat gemaach ass, bedecke mir den Hutt mat engem Glas, esou verhënnere mir, dass déi fein Sporen duerch d‘drLoft verstreet ginn. Elo musse mir e puer Stonne waarde – mir kënnen en einfach iwwer d‘Nuecht stoe loossen. Wann de Champignon keng Spore sollt ofgeworf hunn, dann hu mir entweder een ze jonken oder een ze ale Champignon geholl oder de Champignon war ze dréchen. Mat dësem System kann een net nëmme Lamallenchampignone bestëmme mee och Röhrenchampignonen.

Wa mir lo de Champignonshutt ophiewen, hu mir e schéint Bild mat engem Ofdrock vum Champignon. Mat Hëllef vun engem Bestëmmungsbuch kënne mir och nach erausfannen em wéi ee Champignon et sech handelt! Spannend oder? A gutt opgepasst : wa mir ons net sécher si beim bestëmmen, da froe mir en Expert an iessen de Champignon besser net.

Bis d‘nächst Woch Kanner! Sidd gespaant a bléift dobäi bei SICONA kids! 

Är Guiden Nicole, Sylvie, Françoise, Nicole a Lise

Den Hierscht ass de beschten Zäitpunkt fir déi bezaubernd Liewewiesen besser kënnen ze léieren. Da kann een nämlech vill Champignonen och entdecken – hei zum Beispill eise Méckekochel (Fliegenpilz)

Sporenofdrock ganz einfach gemaach – an dobäi kann een och nach erausfannen em wat fir e Champignon et sech handelt! D’Lise huet unhand vum Ofdrock a Bestëmmungsbuch erausfonnt, dass et sech hei em de „Struwweltëntert“ handelt.

A wann dir mol eng Kéier net fannt wéi e Champignon heescht oder kee Bestëmmungsbuch hutt, da kënnt dir een e flott Spill dodrausser maache – gitt de Champignonen een neien Numm, wou dir fannt dass dat zu em passt. Do kënnt dir iech super austoben an är Fantasie fräi lafe loosse – wéi deen hei wuel heescht?

Wann dir den Ofdrock vum Champignon als Naturkonschtwierk oder Collage hale wëllt. Bild einfach mat Fixéierspray oder Hoerspray bespréien a laminéieren.

Dir kennt och e flotte Champignon- Stempel maachen. Do braucht dir just déi gesammelt Champignonen a Faarwen ze zappen oder ob e Stempelkëssen a scho kennt dir ärer Kreativitéit fräie Laf loossen.

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content