SICONA kids – Vu Gräifvullen an Eilen

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Gräifvullen an Eilen a Co.

1. Mir reesen an déi faszinant Welt vun de Gräifvullen

Moie Kanner!

Dës Woch reese mir an déi faszinant Welt vun de Gräifvullen an Eilen! Mir léiere Eegenaarte vu Gräifvullen an Eile kënnen. 

Haut kucke mir ons déi heemesch Gräifvulle méi genee un. Gräifvulle leeë wéi eis Villercher Eeër, hunn Fiederen a e Schniewel. Weltwäit ginn et iwwer 240 verschidde Gräifvullenaarten.

All Gräifvull huet 4 Klauen (oder Zéiwen) un hire Féiss, dovunner sinn 3 no fir geriicht an 1 no hannen. Déi eenzeg Ausnam ass de Fëschadler, hie kann déi baussen Zéif vu fir no hanne riichten, dat nennt en eng „Wendezehe“. Bei eis kann en de Fëschadler Enn Mäerz bis Abrëll beobachten an am August bis Mëtt Oktober.

Bei bal all Gräifvull ass de Männche méi kléng ewéi Weibchen. Gräifvulle sinn Allgemeng aktiv Nestbauer. Dat heescht, dass si hiert Nascht selwer bauen a fleegen. Heefeg notzen si hier bestoend Näschter (Horsten) iwwer Joren.

Gräifvullen ernären sech haaptsächlech vu Fleesch. Sie joen hier Iesse selwer.

Gräifvulle komme weltwäit fir. Den eenzege Gräifvull den ob all Kontinent gesi ginn ass, ass de Fëschadler.

Dir huet bestëmmt schonn e grousse Gräifvull minuttelaang ëmkreesend an der Loft gesinn. Si sëtzen och an der fräier Landschaft ob engem Potto, Stroossebam oder Stroummast. Dann kann dir bal ëmmer dovunner ausgoen, dass et sech em eise Bussar (Buteo buteo) handelt. Am [MD2] Fréijoer héiert en och nach oft säi miauende Ruff. Wéi säin däitschen Numm et scho seet „Mäusebussard“, ësst hien am léifste Méis. Awer och aner kléng Mamendéieren, wéi Kanéngchen, Wierm awer och geleegent mol aner Villercher. Bei eis zu Lëtzebuerg gi et 800 – 1200 Koppelen.

En den en leider net esou oft zur Gesicht krit ass eisen Héngerdéif (Accipiter gentilis). Hien bleift léiwer an Deckung, wann hie jot. De Héngerdéif erkennt en ganz gutt un senge Sträifen un senger Broscht a Bauch. Hien ernäert sech haaptsächlech vu Villercher (Dauwen, Maarkollef, Drosselen an Eilen), mee och kléng Mamendéiere stinn ob sengem Iessplang (Kanéngchen a Kaweechelchen). De Héngerdéif kënnt bei eis am ganze Land fir, mee net heefeg. Hei a Lëtzebuerg ginn et geschätzt 50 – 60 Koppelen.

E Gräifvull den en och net esou vill zur Gesicht krit ass eise Spréiwenhuer (Accipiter nisus). Hien baut säin Horst am léifsten an Nolebëscher. Seng Juegdgebidder si Bëscher, Hecke souwéi och Uertschaften a jot kléng Villercher. Wéi den Héngerdéif bléift hien och am léifsten an der Deckung.

Zum Schluss stelle mir iech nach de roude Schéierschwanz (milvus mivus) fir. Hien ass ass e richtegen Europäer, hie bréit just hei an Europa. Mir zu Lëtzebuerg droen och eng Verantwortung zur senger Aarterhalung. De roude Schéierschwanz ass méi grouss wéi de Bussar, an den erkennt en ganz gutt u sengem déif ageschniddene Schwanz. Hien jot gären iwwer Wisen a Felder. Hien ernäert sech vu klénge Villercher, kléng Mamendéieren, Insekten an Amphibien. Am Wanter kann en ausnamsweis och hei am Land de roude Schéierschwanz gesinn.

Vill Spaass Kanner beim Beobachte vun eise faszinante Gräifvullen!

Är SICONA kids Guiden

2. Mir reesen an déi faszinant Welt vun de Eilen

Moie Kanner !

Haut reese mir an déi faszinant Welt vun de Eilen! Mir léiere Eegenaarte vu de Eile kënnen. Françoise erkläert eis vill Interessantes iwwert de Uhu, Tuereil, Bëschkauz, Bëscheil an iwwert de Steekauz.

Wat sinn dann elo Ënnerscheeder zwësche Gräifvullen an Eilen? Dozou an nach vill méi krit dir hei am Video gefuer.

Nächst Woch hu mir Thema vu de Déiere bei SICONA!

Äddi Kanner a bléift dobäi bei SICONA kids!

Är Guiden

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content