SICONA kids – Handwierkleches fir Naturfrënn

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Handwierkleches fir Naturfrënn a Co.

1. Schossel brennen

Moie Kanner! Dës Woch zum Thema „Handwierkleches fir Naturfrënn“, brenne mir haut eng Schossel aus Holz. Mir brauchen dofir: Holz

  • am beschten ee méi mëllt Holz (zB Fiicht, Weed, Pappel oder och Thuja)
  • dréschen, ofgelagert (frëscht Holz kritt gär Rëss beim Dréschnen)
  • Stéck Holz gerass / geseet: jee no Wonsch, ca.15-25cm laang an 10-20cm breet
  • Frësch Glous aus dem Feier
  • Bengelche fir d’Glous um Holz ze halen

Vill Zäit a Gedold an ee laangen Otem 😊 D’Glous leet een an d’Mëtt vum Holz, hält se mam Bengel fest drop a bléist douce sou dass d’Glous sech an d’Holz abrennt. Lues a lues brennt d’Holz ënnert der Glous duerch. Et entsteet eng Kaul am Holz. Ëmmer nees schruppt ee mam Bengel dat verkueltent Holz of, sou dass ee ganz geziilt a kontrolléiert just sou déif a sou breet brennt dass d’Form vun der Schossel lues kann entstoen. Net ze no un de Rand, sou dass ee ronne Bord bleift. Et sollt een dofir suerge genuch frësch Loft tëschenduerch ze ootmen, Pause maache – ze vill Damp anzeootmen ass net gesond! Nodeems d’Schossel fäerdeg agebrannt ass, d’Reschter Kuel an der Schossel mam Bengel ausritzen. Dann mam Schläifpabeier noschläifen, sou dass een d’Holz ënnert der schwaarzer Kuel nees erkennt. Wann een dann zefridden ass mam Resultat d’Schossel mat Olivenueleg areiwen. Sou ass se prett fir an den Asaz a fir eng gutt Nuddel zB draus z’iessen. Sollt d’Schossel mat der Zäit awer räissen, kann ee mat Birkepech oder mat Haarz de Rass dicht zoumaachen. Mir wënsche vill Spaass a vill Gedold beim Schossel-Brennen! Är SICONA kids Equipe

2. Mir maachen eis eng Hielennerflütt

Moie Kanner ! Dës Woch zum Thema « Handwierkleches fir Naturfrënn” maache mir eis eng Hielennerflütt oder Päif. Wéi einfach een dat maache ka weist iech haut d’Nicole. Dofir braucht dir just en Täschemesser an eng See a scho kënnt dir är eege Flütt oder Päif schnëtzen! Muer weist iech d’Nicole och wéi dir är éischt Blummepress kënnt bauen. Vill Spaass Kanner! Är SICONA kids Guiden

3. Mir bauen eng Blummepress

Moie Kanner! Haut baue mir eng Blummepress mam Nicole. Eng Blummepress ass ganz flott fir gesammelt Planzen ze dréchne fir zum Beispill en Herbarium ze maachen oder fir domadder eppes Flottes ze bastelen.

Fir eis Blummepress brauche mir follgend Material:

Material

  • 2 Stécker Holz 8mm 25×25
  • 4 Schrauwe mat Fliggelmudderen a 4 Ennerleescheiwen
  • Kartrong a Pabeier
  • Eng Buermaschinn mat Buerer passend fir d’Schrauwen

    An hei Schrëtt fir Schrëtt wéi mir eng Blummepress bauen:

    Mir bueren op all Eck e Lach an eis Holzplacken.

    De Kartrong an de Pabeier schneide mir op déi selwecht Gréisst eraus. Fir dass mir d’Holzplacke kënnen zesummeschrauwen, musse mir d’Ecker vum Pabeier a vum Kartong ewechschneiden. Mir schneide 4 Stécker Kartrong an 8 Stécker aus Pabeier. Fir eis Press ze fëllen, huele mir fir d‘éischt eis Plack aus Holz. Op d’Holz leeë mir 1 Kartrong. Op de Kartong 1 Blat Pabeier. Op de Pabeier eis Blummen a Blieder. Op eis Blummen a Blieder nees e Blat Pabeier. Dann erëm 1Kartrong, 1 Pabeier, eis Blummen, 1 Blat Pabeier,1 Kartong, 1 Pabeier, eis Blummen asw. Zum Schluss rëm eis Plack Holz déi mir mat de Fliggelmuddere festschrauwen.

    Lo brauche mir e bëssi Gedold. No e puer Deeg sinn d’Blummen dréchen.

    Hei kënn kënn Dir Bauanleitung erausdrécken:

    Bauanleitung – Mir bauen eng Blummepress

    Muer mécht d‘Françoise mat Iech e Bändchen aus Brennnesselen. An de Freideg weist Iech ausserdeem d‘Nicole nach wat ee mat den gepresste Blummen a Planze Schéines bastele kann! Vill Spaass beim nobauen! An bléift dobäi bei SICONA kids! Är SICONA- Kids Guiden.

    4. E Bändchen aus Brennnessel

    D‘Françoise huet haut eng kléng Kniwwelaarbecht fir iech preparéiert. Dir braucht just eng héichgewuesse Brennnessel, Schaffhändschen a bësse Gedold. Da kann et scho lass goen. Vill Spaass! Är SICONA kids Guiden

    5. E Lampion an e Bild mat gedréchenten (gepressten) Blummen

    Moie Kanner! Passend zu der Blummepress vun dëser Woch „Handwierkleches fir Naturfrënn“ bastelt d‘Nicole haut mat Iech e Lampion mat gedréchent Blummen. Fir de Lampion braucht dir Folgendes: Material Verschidde gepresste Blummen a Blieder aus eiser Blummepress 1 Loftballon fir de Lampion Tapéitepäsch Schmierepabeier 1 méi déckt Blat fir eist Blummebild Fir eise Lampion réiere mir als éischt eisen Tapéitepäsch op. Mir blosen de Loftballon op, a schmieren de Päsch driwwer. Da leeë mir de Schmierepabeier drop. Sou maache mir 4-5 Schichten.

    Dann huele mir eis gedréchent Blummen a Blieder a verdeelen se um Pabeier. Mir schmieren se gutt mat Päsch an.

    Dat ganzt loosse mir dann 2 Deeg dréchnen. De Loftballon huele mir eraus an maachen nach en Drot drun. Fäerdeg!

    Lo kënne mir owes eng kleng Käerz dra stellen an da liicht dat wonnerschéin. Hei kënn kënn Dir Bauanleitung erausdrécken:

    Anleitung – Lampion

    Net nëmmen e Lampion huet d‘Nicole gebastelt, mee och e flott Bild mat senge gedréchente Blummen a Planzen. Fir d‘ Bild mat gepresste Blummen, brauche mir e méi déckt Blat Da schmiere mir Päsch op eist Blat a leeën d’Blummen drop. Als Rumm kënnt dir dann nach e puer dréche Bengele vum Hielenner huelen (déi si ganz liicht). Dréchne loossen a fäerdeg 😊

    Vill Spaass Kanner! D’nächst Woch hu mir d’Thema „Op Spueresich an der Natur“, do hëlt iech d’Ronja an den El Bandito mat eraus op Spueresich! Sidd gespaant a bléift dobäi bei SICONA kids! Är SICONA kids Guiden SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

  • Skip to content