SICONA kids – Vun den Insekten an de Wëllbeien

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Vun den Insekten an de Wëllbeien a Co.

1. Wéini ass een Insektenhaus wichteg oder onwichteg?

Moie Kanner! Haut gi mir op e neit Abenteuer an zwar ass dës Woch d’Thema “vun den Insekten an de wëll Beien”. Päiperleken, Mécken, Himmelsdéiercher, Bommelen a vill vill aner Insekte liewen an eise Wisen oder am Gaart. An dës Woch maache mir eis op d‘Sich no hinnen. Mee wat sinn eigentlech Insekten? Hätt dir gewosst dass et méi wie 1 Millioun verschidden Insektenzorten ob der Welt ginn? Soumat zielen Insekten zur der meescht verbreetst Déierenaart ob der Welt. Insekte bewunnen all Liewensraum ob der Äerd – och d‘Antarktis! Obwuel et ganz vill verschidden Insekte ginn, hunn si awer eent gemeinsam. Hiere Kierper setzt sech ëmmer aus folgenden 3 Deeler zesummen: de Kapp, d‘Broscht an den hënneschten Deel. Ausserdeem hunn si keng Wirbelsail a kee Skelett. Hiere Kierper gëtt mat enger dënner Chitin- Schicht geschützt. Insekten hunn ëmmer 6 Been an Füler. An bal all Insekt huet och Flilleken. Hier Aen bestinn aus vill eenzel Aen, bekannt ënner Facetten- oder Komplexaan. Haut weist eis d‘Sylvie wéi wichteg een Insektenhaus ass. Muer weist eis d’Lise wei mir einfach a schnell eng Sallef kënne maachen déi bei Insekten- a Brennnesselstech hëlleft. De Mëttwoch kucke mir d’Ënnerscheeder tëschent eiser Hunnegbei an de wëll Beien. Den Donneschden weist eis d’Nicole wéi mir de wëlle Beie kënnen hëllefen. An wei all Freides maache mir och des Kéier de Quiz vun der Woch! Sidd gespaant a bléift dobäi bei SICONA kids – dës Woch geet et villes ze entdecken! Är SICONA Kids Guiden

2. Spatzt Weeblat -Sallef: hëlleft bei Insekten- a Brennnesselstéch

Hutt dir iech mol un enger Brennnessel gepickt oder eng Harespel, eng Mustick, eng Bei oder soss een Insekt huet iech gepickt, da gëtt et hei ee gutt Rezept: Mir maachen eis selwer eng Sallef, mam spatzte Weeblat frësch aus der Wiss gepléckt. Déi hëlleft bei Insektestéch an hëlt och de Wéi wann ee sech u Brennnessele gepickt huet. Spatzt Weeblat -Sallef:

  • Hëlleft géint de Juckreiz (Insektestéch, Brennnesselen, kleng Schürfwonnen)
  • Wierkt entzündungshemmend
  • Wierkt ofschwellend

Hei zum Rezept:Spatzt Weeblat Rezept Et geet ganz einfach. Vill Spaass beim Nomaachen! Är SICONA kids Equipe

3. Hunnegbeien a wëll Beien: Ënnerscheeder

Moie Kanner! An dëser Woch vun den Insekten an de wëlle Beien erzielen ech iech eppes iwwert eis Hunnegbeien an d‘wëll Beien a wéi een déi ënnerscheede kann. Haut gi mir op Besuch bei d’Beien. Eise Guide Lise ass Imkerin: hat ziicht Beien a mécht mat hinnen zesummen Hunneg. Hunnegbeien si vum Mënsch geziichte Forme vun der wëller Bei, déi hei a West- a Mëtteleuropa als ausgestuerwe gëllt. Hunnegbeie leeën e Vorrat Hunneg un, fir hiert Vollek duerch de Wanter ze bréngen. Den Imker, wéi och d’Lise, ernten dann en Deel vun hirem gudden Hunneg. Hunnegbeie liewen als Staat zesummen, dat nennt een och nach „Bien“. All Vollek huet eng Kinnigin, puer honnert männlech Beien, dat sinn Dronen, a puer dausend weiblech Beien, d‘Aarbechterinnen. Am Géigesaz zu den Hunnegbeie liewe wëll Beie meeschtens solitär, also eleng, oder vun hirem Vollek iwwerlieft just hir Kinnigin de Wanter, z.B. wéi bei de Bommelen. A wëll Beie leeë keen Hunnegvorrat un. Solitärbeie leeë Brutzellen un, wou jeeweils een Ee geluecht gëtt. All Brutzell gëtt da mat Nektar- Pollen- Gemësch versuergt, sou dass sech Larv spéider zur Bei entwéckele kann. Déi schlüpfe meeschtens awer eréischt dat Joer drop. Solitärbeien- Weibercher stierwen nach am selwechte Joer wou si hir Eeër leeën. Solitärbeien hu kee Vollek oder eng Kinnigin fir ze verdeedegen. Dofir hunn si och kee Stachel oder de Stachel ass esou kléng, dass si net duerch eis Haut kënne stiechen. Wat Fuddersich ugeet, sammelen Hunnegbeien entweder just Pollen oder Nektar, awer nimools béid gläichzäiteg. Bei der Nektarsammlung fir den Hunnegvorrat ginn d‘Bléie manner effizient doduerch bestäubt. Woubäi wëll Beien ni grouss Quantitéite vu Nektar verbrauchen, wëll si hir Nahrung zimmlech direkt iessen. Sou transportéieren si wärend hirer Nahrungssich och ëmmer gläichzäiteg Pollen a sinn deemno besser Bestäuber wéi eis Hunnegbei.

Wéi dir de wëlle Beien hëllefe kënnt, dat wéisst iech muer d‘Nicole. Äddi Kanner! Är SICONA kids Guiden

4. Wëll Beien

Moie Kanner! Haut wëlle mir eppes maache fir de wëlle Beien ze hëllefen. Verschiddener vun hinne brauchen doudegt Holz fir hir Eeër dran ze leeën. An eisem Gaart hu mir d‘Méiglechkeet hinnen dobäi ze hëllefen. D’Nicole weist eis elo wéi mir ganz einfach de wëlle Beien eng Nistplaz kënne maachen. Kuckt emol gutt, Nicole weist eis och nach wéi mir de wëlle Beien nach kënnen hëllefen! Vill Spaass Kanner! Är SICONA kids Guiden

5. Vun den Insekten an de wëlle Beien: Quiz

Dës Woch ass ganz vill Interessantes iwwer Insekten an de wëll Beie gesot ginn. De Méindeg krute mir vum Sylvie erkläert wéi wichteg een Insektenhaus ass. Den Dënschden hu mir gewise kritt wéi mir einfach a schnell eng Sallef maache géint Insekten- a Brennnesselstéch. De Mëttwoch hunn mir d‘ Ënnerscheeder gekuckt tëschent eiser Hunnegbei an de wëlle Beien. Den Donneschden hat d‘Nicole eis gewise wéi mir de wëlle Beien doheem kënnen hëllefen. Mam Françoise a mam Lise maache mir haut de Freides- Quiz vun dëser ganzer Woch. Komm mir kucke mol wat si eis fir haut virbereet hunn! Vill Spaass Kanner! Déi nächst Woch hu mir Naturerfarungsspiller fir jidderee virbereet! Äddi Kanner. Är SICONA kids Equipe

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content