SICONA kids- Kachen am Hierscht

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Kachen am Hierscht a Co.

1. Kanneraktivitéit “Kachen am Hierscht”

Moie Kanner !

Et ass Hierscht an et Kürbisse sinn zeideg.

Mee net all Zort Kürbis ass fir z‘iessen.

Mir schneiden eisen Hokaido-Kürbis kleng fir an d’Zopp. (well des Zort brauch een net  ze schielen)😉

Nodeems mir d‘Feier zesummen ugefaangen hunn, kachen d‘Kanner zu Monnerech an zu Diddeleng dobausse selwer hier Kürbiszopp.

Bleift virwëtzeg a Sidd derbäi bei SICONA kids!

Är Guiden

Déi „Grouss“ waarden drop, dass hier Zopp ufänkt mat kachen.

Déi „Méikleng“ si stolz, dass hiert Geméis elo um Feier steet.

D‘Zopp huet eng herrlech „Kürbisfaarf“ an ass prett fir geschmaacht ze ginn.

Ei, um Feier gekacht schmaacht et ëmmer am beschten.

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content