SICONA kids – De Buedem- an de Krabbeldéieren

Dës Woch dréint sech alles bei eis em de Buedem-an Krabbeldéieren a Co.

1. De Buedem an d’Krabbeldéieren

Dës Woch hu mir d’Thema „de Buedem an d’Krabbeldéieren“. Et ass immens flott den Déieren nozekucken, egal wéi grouss oder kleng si sinn. Mat enger Becherlupp brauch een och net ze fäerten se an de Grapp ze huelen. Mir ginn op d’Sich no klenge Krabbeldéieren a kucken dann an engem Buch wéi se heeschen. Mir kucken och déi verschidde Schichte vum Buedem un. Unhand vun enger „Lederform“ kucke mir wéi eng verschidden Déiere mir fannen an a wéi enger Schicht – da si mir mol gespaant wat eis do erwaart. Muer ass Feierdag, mee de Mëttwoch erwaart eis eppes Spannendes an dofir braucht dir just e Blat an e Bläistëft! Den Donneschden hëlt d‘Nicole eis mat an de Krabbeldéierzoo. A wéi all Freides maache mir de Quiz vun der Woch. Bleift derbäi, bei SICONA kids. Är SICONA kids Guiden

2. D’Spann – ee spannend Krabbeldéier!

Moolt eng Spann Gitt mol op d‘Sich no enger Spann – am doudegen Holz misst dir der fannen. Jidderee weess wéi eng Spann ausgesäit – oder mengt et mol op d’mannst ze wëssen. Maacht mol den Test: huelt ee Blat an ee Bläistëft a moolt eng Spann. Spannend! – wéi eng Kierperdeeler huet eng Spann iwwerhaapt, a wéi gesinn se genau aus? E Freide kucke mir op dir är Spann och richteg gemoolt hutt. Vill Spaass beim Molen!

3. De Krabbeldéirenzoo

Haut si mir als Naturdetektiven ënnerwee. Mir ginn an de Bësch a sichen no deene klengen Déieren déi do liewen. Si si gutt verstoppt ënnert de Blieder, de Steng oder ganz vill am doudegen Holz. Si suergen dofir dass d’Material wat op de Buedem fält zersat gëtt. Loosst iech iwwerrasche wat dir do alles fanne wäert. Vill Spaass Kanner! Är SICONA kids Guiden

4. De Buedem an d’Krabbeldéieren: Quiz

Dës Woch goung et em de Buedem an d‘Krabbeldéieren. Et war immens flott den Déieren nozekucken, egal wéi grouss oder kleng se waren. De Méindeg krute mir vum Lise déi verschidde Schichte vum Buedem unhand vun enger „Lederform“ erkläert. De Mëttwoch war dir opgefuerdert ginn eng Spann richteg ze molen an haut gëtt et och d‘Opléisung dovunner! Den Donneschden hat d‘Nicole eis mat an de Krabbeldéierzoo geholl. Mam Françoise a mam Lise maache mir haut de Freides- Quiz vun dëser ganzer Woch a mir kucke mol ob dir d‘Spann vun de Mëttwoch richteg gemoolt hutt! Vill Spaass Kanner! Boden- und Krabbeltierspirale

5. Opléisung vum Mëttwoch: mir molen eng Spann

Spanne ginn et vill verschiddener, ma si hu Folgendes gemeinsam:

  • Spanne sinn an zwee gedeelt – fir ass de Kapp an d‘Broscht uneneen an hannen ass den hënneschten Deel vun der Spann.
  • Di 8 Been befannen sech um Kapp-Broscht-Deel.
  • Vir um Kapp sinn och nach 1 Puer Kiefertaster a Kieferklauen (Cheliceren).
  • Di meescht Spannen hunn 8 Aen, zwee Haapt-Aen a sechs méi kleng Niewen-Aen um Kapp.
  • Hanne si véier oder sechs Spannwarzen, wou d’Seid fir ze spannen erauskënnt.

Quelleverzeichnis: https://www.digitalefolien.de/biologie/tiere/spinnen/aussen.html)

Déi nächst Woch hu mir d‘Thema „Insekten a wëll Beien“! Äddi Kanner.

Är SICONA kids Equipe

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content