SICONA kidsKanneraktivitéit “Krabbeldéieren”

Dës Woch dréint sech alles bei eis Kanneraktivitéit “Krabbeldéieren” a Co.

1. Wullen a Buddelen am Buedem zu Schuller

Eis Kanneraktivitéite sinn nees ugelaf a mir waren all frou eis dobausse kënnen ze treffen, op eiser Plaz zu Schuller am Bësch.

Mir sinn zesummen op d’Sich gaang no de Krabbeldéieren. Sou dréche wéi et bis elo war hate mir Méi fir Krabbeldéieren ze fannen. Si ware gutt verstoppt. Mir haten ee flotten Nomëtten a freeën eis op di nächst Aktivitéit, wann et heescht Äppelstreisel um Feier.

Mir hu gewullt a gebuddelt an hunn e puer Spannen, Schwéngercher, Hundertfüssler, Himmelsdéiercher an aner Keefere fonnt.

Fir se ze mole muss een di Déiercher ganz genee kucken an ënnert d’Lupp huelen. Se sinn agedeelt a Kategorien, je no Unzuel vun de Been.

Wéi een Hundertfüssler si mir mat zouenen Aen iwwer de Bëschbuedem gaangen.

Eis Hütt, déi mir virun 2 Joer hei opgebaut hunn, steet nach ëmmer. Wow!

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content