SICONA kids – Liewensraum Aker

Dës Woch dréint sech alles bei eis em den Liewensraum Acker vun de SICONA Guiden a Co.

1. Liewensraum Aker

Moie Kanner!

Dës Woch schwätze mir iwwert Akerlandschaften. Dir kennt de Liewensraum gutt, et ass do wou de Bauer seng Fruucht fir Véi oder fir eis drop ubaut. Agrarfläche sinn net nëmmen eng landwirtschaftlech Kultur, mee och e Liewensraum fir vill Déieren- a Planzen. Ob dëse Fläche kommen Déieren- a Planzenaarte vir, déi ganz speziell un dës landwirtschaftlech Flächen ugepasst sinn.

De SICONA mécht ganz wäertvoll Aarbecht a stellt Programmer op, déi fir de Schutz vu dësen Akeraarten dringend noutwendeg sinn. Mir stellen iech dës Woch fir, welch Schutzprogrammer de SICONA mécht fir dës Akeraarten ze erhalen.

Haut schwätze mir vun eisen Déieren déi ganz speziell un dëse Liewensraum ugepasst sinn. De Feldhues (Lepus europaeus), Léiweckelchen (Alauda arvensis), Feldhong (Perdix perdix) oder Wuechtel (Coturnix coturnix) sinn Déieren déi sech u dëse Liewensraum ugepasst hunn. Mee och Villercher wéi de Feldspatz (Passer montanus) oder de Gielemännchen (Emberiza citrinella).

De Feldspatz oder de Gielemännche si fréier ganz heefeg bei eis virkomm. An haut stinn si ob der Virwarnlëscht vun der rouder Lëscht. Esou och eist Feldhong wat akut vum Ausstierwe bedrot ass.

Wat heescht dat wann Déieren op der rouder Lëscht stinn? Eng rout Lëscht ass eng Lëscht mat Déieren-, Planzen a Champignonsaarten, déi vum ausstierwe bedrot oder gefäert sinn. Déi gi ganz speziell och geschützt.

Wat mécht SICONA fir déi Aarten ze erhalen?

Säit dem Joer 2000 beméit sech de SICONA fir mat de Baueren aus der Regioun Bléisträifen (och Buntbrache genannt) op hire Flächen unzeleën. Eng vun deene wierksame Schutzmoossname fir d‘Erhale vun dëse genannten Aarten. Bei esou enger Bléisträif handelt et sech ëm extra ugeluechte Flächen, wou ganz vill verschidde Bléieplanze wuessen. Dovunner profitéiere vill Insekten, wéi Hunnegbeien, wëll Beien, Bommelen oder Päiperleken. Ouni dëse wäertvolle Liewensraum hätte vill Insekten hir Schwieregkeete fir ze iwwerliewen. Zemools well et haut ganz vill intensiv genotzte Kulturfläche ginn!

Si bidden net nëmmen eng Nahrungsquell fir eis Insekten, mee och fir de Feldhues oder d‘Réi. Si bidden och Deckung a Réckzuchsraum fir vill Déieren. Och fir eis Villercher. Eis Léiweckelchen zum Beispill huet duerch déi intensiv genotzte Flächen hire Liewensraum verluer. Duerch déi Schutzmoossnamen déi de SICONA mat de Bauere verhandelt, kënne mir dësen Déieren hëllefen.

Dir kënnt och hëllefen andeem dir an ärem Gaart zum Beispill esou Bléisträifen uséint

Är SICONA kids Guiden

De faarwege Sträif op den Akeren ass net nëmme schéin unzekucken, mee si fërdere besonnesch déi biologesch Villfalt op landwirtschaftleche Flächen!

Bei enger Bléisträif handelt et sech ëm extra ugeluechte Flächen, wou ganz vill verschidde Bléiplanze wuessen. Dovunner profitéiere vill Insekten, wéi Hunnegbeien, wëll Beien, Bommelen oder Päiperleken. Ouni dëse wäertvolle Liewensraum hätte vill Insekten hir Schwieregkeete fir ze iwwerliewen. Zemools well et haut ganz vill intensiv genotzte Kulturfläche ginn!

Eis Léiweckelchen zum Beispill huet duerch déi intensiv genotzte Flächen hire Liewensraum verluer.

De Gielemännchen ass fréier ganz heefeg bei eis virkomm. An haut steet  en op der Virwarnlëscht vun der rouder Lëscht.

2. Karblummen & Co

Moie Kanner!

Dës Woch hate mir iwwert Déieren a Bléisträife geschwat. Haut kucke mir eis eis einheimesch Akerplanzen un.

Viru méi wéi 7000 Joren huet sech den Akerbau entwéckelt. Mat de Kulturplanzen hunn sech och typesch Begleetplanzen ob eisen Akeren ugesidelt. Vill vun eise Begleetfeldplanze sinn ursprénglech net bei eis heemesch, mee si begleeden de Mënsch scho säit ville Joren. Wéi zum Beispill d’Feierblumm (Papaver rhoeas), d’Karblumm (Centaurea cyanus) oder de Gewéinleche Feldritterspuer (Consolida regalis) déi aus dem asiatesche Raum bei eis komm sinn.

Duerch eis modern Landwirtschaft verschwanne leider och vill vun eisen Akerplanzen. Duerch den Asaz vun Herbiziden zum Beispill.

Fir dësen Aarten ze hëllefe ginn et zwou Méiglechkeeten, fir déi  sech de SICONA och asetzt. Eng Kéier ass et fir Akerrandsträifen unzeleeën an déi aner Méiglechkeet ass fir Feldflorenreservaten ze maachen.

D‘selwecht wéi beim Uleeë vu Bléihsträife fir eis Déieren an Insekte gi bei Akerrandsträifen en Deel vun der Kultur net mat Planzeschutzmëttel behandelt. Sou ginn Akerwëllkraider net ofgesprëtzt. Uleeën vun esou Akertsräife sinn awer just och sënnvoll, wou de Buedem et och zouléisst. Dat heescht wou nach genuch Some vun Akerkraider am Buedem sinn, déi eng Chance hunn ze keimen. Dat ass leider net méi iwwerall de Fall. SICONA schwätzt dofir nach geziilt Baueren un, an deenen hiren Akeren nach gefäert Aarte fonnt gi sinn.

Déi zweet Méiglechkeet ass Feldflorareservaten unzeleeën. Do gi Felder ganz normal bewirtschaft, mat dem Ënnerscheed, dass Kulturplanzen net esou dicht beienee gesat ginn a net mat Planzeschutzmëttel beaarbecht ginn. Niewe Feldaarten déi vum selwe kommen, ginn zousätzlech nach Some vun extrem seelenen Aarten dobäi geséint.

Net nëmmen eis einheimesch Akerplanze profitéiere vun deenen zwou genannte Moossnamen och d‘Fauna, also eis Déieren an Insekten.

Mir erhalen och eis Aartevillfalt op eisen Akeren. Well wat gëtt et méi Schéines wéi d‘Erhalung vun eiser Planzen- an Déierewelt.

Är SICONA kids Guiden

Vill vun eise Begleetfeldplanze sinn ursprénglech net bei eis heemesch, mee si begleeden de Mënsch scho säit ville Joren. Wéi zum Beispill d’Feierblumm (Papaver rhoeas), d’Karblumm (Centaurea cyanus) oder de Gewéinleche Feldritterspuer (Consolida regalis) déi aus dem asiatesche Raum bei eis komm sinn.

Uleeë vun esou Akertsräife sinn awer just och sënnvoll, wou de Buedem et och zouléisst. Dat heescht wou nach genuch Some vun Akerkraider am Buedem sinn, déi eng Chance hunn ze keimen. Dat ass leider net méi iwwerall de Fall.

Mir erhalen och eis Aartevillfalt op eisen Akeren. Well wat gëtt et méi Schéines wéi d‘Erhalung vun eiser Planzen- an Déierewelt.

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content