SICONA kids – Kulinaresches aus der Natur

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Kulinaresches aus der Natur vun de SICONA Guiden a Co.

1. Iwwerbaken Zucchini mam Françoise

Moie Kanner!

Dës Woch steet Kulinaresches aus der Natur um Programm!

Dem Françoise säi Meedche weist iech hei e leckert Rezept fir dat gutt Geméis ze verschaffen.

Den Donneschden zaubert d’Lise eis eppes mat Kraider!

Loosst iech déi iwwerbaken Zucchini gutt schmaachen!

Äddi Kanner, är SICONA kids Guiden.

2. Kulinaresches aus der Natur – D’Lise zaubert mat Kraider

Moie Kanner !

Dës Woch hatt Françoise schonn zum Thema „Kulinaresches aus der Natur“ eng lecker Geméiszopp gekacht!

Haut bake mir mat Brennnessel a spatz Weeblat. Déi Kraider kennt dir bestëmmt nach vun eiser Kraider a Insekte Woch!

Haut zaubert d’Lise eis lecker Täertercher mat dësen zwee Kraider.

Dofir gi mir mol als éischt éier mir ufänken ze baken ob Sich no jonk Brennnesselspëtzen a -blieder an no spatz Weeblatblieder. Mir passen awer gutt op wou mir Kraider plécke ginn. Net um Weerand, do wou d’Muppen himaachen an och net do wou de Bauer gepifft huet.

Fir de Recht weist d’Lise eis dat elo am Video wéi mir déi gesond a lecker Täertercher baken. Rezept fannt dir ob eiser Homepage.

Vill Spaass Kanner beim baken!

Nächst Woch hu mir Thema „mir genéissen de Bongert“!

Äddi Kanner!

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content