SICONA kids- Meng éischt Apdikt“ am Bongert Altenhoven zu Beetebuerg

Dës Woch dréint sech alles bei eis em de Bongert Altenhoven a Co.

 

1. Kanneraktivitéit “Meng éischt Apdikt“ am Bongert Altenhoven zu Beetebuerg”

Een Insektenstéch oder eng Bloder um Fouss? Wann ee vill dobaussen ënnerwee ass, kënnen esou kléng Malheuren ëmmer vir kommen. Huet dir gewosst, dass et dofir munch Kraitche ginn, déi hëllefe kënnen? De Cycle 4.1 aus der Beetebuerger Schoul am Duerf hunn sech ob de Wee gemaach fir mam Lise déi verschidde Kraider kennen ze léieren. Mir hunn déi verschidde Planze konnte richen, schmaachen a fillen an hunn och munch Kraitche kenne geléiert dat net an eiser „Outdoor Apdikt“ däerf feelen. Wëll eis gréissten Apdikt ass d‘Natur an et ass een ëmmer verwonnert, wat een an deene verschidde Joreszäiten nach vun Heelkraider, Planzen a Blumme fënnt! Mat flotte Spiller hunn d‘Kanner déi Kraider besser konnte kenne léieren.

 

 

 

           

 

              SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

 

Skip to content