SICONA kids -Naturerfarungsspiller fir jiddereen

Naturerfarungsspiller fir jiddereen a Co.

1. Bam taaschten

Moie Kanner, Dës Woch hu mir Guide vu SICONA kids fir iech flott Naturerfarungsspiller virbereet déi dir am Gaart oder anerwäerts an der Natur nospille kënnt. Haut, als alleréischt, taaschte mir e Bam mat verbonnenen Aen. Ob mir „eise Bam“ dono mat den Aen op wuel erëmfannen? Wat mengt dir? Huelt iech och einfach emol Zäit fir op des spilleresch Aart a Weis d‘Natur méi no z’erliewen. Vill Spaass beim Nospillen! Bleift derbäi, bei SICONA kids. Är SICONA kids Guide – Nicole, Françoise, Nicole, Sylvie an Lise

2. D’Blann Karawann & Buerféiss-Karawann

Eist Spill vun haut heescht Blann Karawann. Mir spillen de Fuuss, deen sech an der däischterer Nuecht, ouni vill ze gesinn, derduerch taascht. No senger Juegd op Mais muss hien de Wee zréck a säi Bau fannen. Dofir ass ee Seel gespaant, un deem e sech ka festhale fir de Wee ze fannen. Mat de Schong awer och buerféiss kann ee sech mat verbonnenen Aen derduerch taaschten an dobäi spiere wéi de Bësch sech mat de Féiss ufillt. Ganz schéi spannend fir de Fuuss, fir säi Wee am Däischteren ze fannen. Vill Spaass beim Spillen, Är SICONA kids Equipe

3. Mäi Bengel – meng Zap

Haut maache mir een Taascht-Spill mat Bengelen, Zäpp, Käschten oder wat mir soss sou dobausse fannen. All Bengel ass anescht – dat mengt ee villäicht net op den éischte Bléck. Kuck dir däi Bengel genee un. Fënns du en nees zréck, wann s du en ënner anere Bengele muss ertaaschten ? Vill Spaass, Är SICONA kids Equipe

4. Bam-Meditatioun

Haut maache mir eng Bam-Meditatioun: Stell dir fir du bass ee Bam- ee klenge schmuele Beemchen, du wiiss a gëss ëmmer méi grouss.Déng Féiss si fest verwuerzelt am Buedem, du stees do mat breede Féiss wéi ee staarke Bam, mat denge staarke Wuerzelen.Du spiers wéi deng Äscht a Blieder am Wand wackelen. De Wand ass méi staark dann nees méi douce. Du bleifs fest stoen a schütz mat dengen Äscht déi vill Déieren déi op dengem Bam wunnen.Du otems fest aus a kënns nees lues zréck bei dech. Vill Spaass beim Meditéieren am Bësch Är SICONA kids Equipe

5. Villercher an hiert Fudder

Haut maache mir d’Spill vun de Villercher, déi hiert Fudder sichen. Fir unzefänken baut all Koppel säin Nascht fir dran ze sëtzen. D’Fudder (faarweg a brong Klammeren) ginn am Bësch verdeelt. D’Villercher fléien eraus hiert Fudder sichen. Mee opgepasst: ass keen am Nascht da kommen anerer raiberen. D’Fudder gëtt just lues a lues erbäibruecht (all Kéier just 1 Klammer zréckbréngen). Wéi ee Fudder fannen d’Villercher am beschten? Getarnt oder faarweg?   Spillt och mol dëst Spill, sou erlieft dir wéi d’Villercher sech mussen ustrengen fir hiert Fudder erbäi ze kréien. Vill Spaass, Är Equipe vu SICONA kids

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content