SICONA kids – Saisonalt Uebst a Geméis

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Saisonalt Uebst a Geméis a Co.

1. Saisonal a regional Geméis

Moie Kanner!

Dës Woch schwätze mir iwwert eis regionaalt a saisonaalt Geméis an Uebst.

Aus ville Grënn ass et sënnvoll, méiglechst regional ugebauten a saisonaalt Geméis an Uebst z’iessen. Et schmaacht net nëmme besser, et vermeit och onnéideg Ëmweltbelaaschtungen, wéi déi wäit Transportweeër an den iwwerméissege Waasserverbrauch beim Ubau vum Uebst a Geméis.

Wat als éischt no enger Aschränkung kléngt, bitt awer zulescht Méiglechkeet eis Villfalt am Wiessel vun de Joreszäiten nei ze entdecken.

Eise regionalen a saisonale Kalenner fannt dir als PDF- Datei ob eiser Homepage ënnert SICONA kids oder an ënnert der Rubrik „Natur genéissen“. PDF- Datei kënnt dir iech eroflueden an eraus drécken.

Haut schwätze mir iwwert eis saisonaalt Geméis. Déi gréissten Auswiel u Geméis fanne mir zwëschent Juni an Oktober. Awer och am Wanter hunn e puer Geméiszorten hier Saison: Choufleur gëtt et bis an den Dezember frësch, Feldzalot vu September bis Mee, Poretten an de Spinat an nach vill anert Geméis kënne mir am Wanter frësch genéissen.

Wisou et esou wichteg ass esou vill wéi méiglech saisonaalt a regionaalt Geméis z’Iessen huet e grousse Grond: mir ënnerstëtzen net nëmmen eis Baueren a Geméisgäertner, mir maachen och eppes fir eis Ëmwelt. Wéi schonn erwäänt am Ufank vermeide mir doduerch wäit Transportweeër an den iwwerméissege Waasserverbrauch beim Ubau vum Geméis, z.B beim Ubau vun Avocado gi bis zu 1.000 Liter Waasser verbraucht fir zwee an e hallwen Avocado! Net nëmmen den héije Waasserverbrauch ass eng Katastroph fir eis Ëmwelt. Beim Ubau vu Geméis gëtt och ëfters Bësch ewech gerodt fir Monokulturen ze planzen. Eng Monokultur ass eng Fläch wou just strikt eng Zort geplanzt gëtt, leider gëtt do och oft ob deene Fläche Chimie gesprëtzt.

Also Kanner mir hëllefen net nëmmen eise regionale Baueren a Gäertner, mee mir hëllefen och eiser Ëmwelt. Méi iwwert eis saisonaalt Geméis fannt dir am saisonale Kalenner op eiser Homepage!

Bis den Donneschden. Äddi Kanner!

Choufleur kann e frësch genéisse bis an den Dezember.

Ënnert der Rubrik „Natur genéissen“ kënnt dir och de Saisonale Kalenner als PDF- Datei erausdrécken.

Regional a Saisonal Iessen ass wichteg – mir hëllefen net nëmmen droen net nëmmen e gudden Deel fir eiser Ëmwelt, mee mir ënnerstëtzen och regional Produzenten.

2. Saisonal a regional Uebst

Moie Kanner!

Haut schwätze mir iwwert eis regionaalt a saisonaalt Uebst.

Aus ville Grënn ass et sënnvoll, méiglechst regional ugebauten a saisonaalt Uebst z’iessen. Et schmaacht net nëmme besser, et vermeit och onnéideg Ëmweltbelaaschtungen, wéi déi wäit Transportweeër an den iwwerméissege Waasserverbrauch beim Ubau.

Wat als éischt no enger Aschränkung kléngt, bitt awer zulescht d‘Méiglechkeet eis Villfalt am Wiessel vun de Joreszäiten nei ze entdecken.

De Rubbarb mécht als Uebst am Abrëll den Ufank. Duerno kënne mir Äerdbieren, Kiischten a vill aner Biere saisonal a frësch genéissen. Am längste frësch, ginn et bei eis Quidden an Äppel, awer och Bieren a Quetschen. E Gléck loossen sech Äppel sech frësch iwwert e ganzt Joer lageren. Ween am Wanter gären eng Ofwiesslung hätt, de ka säin Uebst wat en iwwert ganzt Joer zur Verfügung huet entweder als Kompott oder Gebeess kachen, mee et kann en och ganz einfach d’Uebst afréieren. Esou kann en och am Wanter frësch säin Uebst genéisse – an dobäi muss en net op Uebst zréckgräifen, dat grouss Transportweeër huet. Regional, bio a fair – esou genéisse mir eis Natur!

D‘Natur bitt eisen awer och eng ganz Villfalt vun Uebst un, net nëmmen an eise Bongerte fanne mir regional a frëscht Uebst. Och Hecke bidden eng ganz Villfalt vun Uebst un – do fanne mir Päerdsbier, Schléiwen, Hielännerbieren, Bëschäerdbieren, Hieselnëss, Hammbieren an an eisen Nolebëscher esou guer Molbieren!

Wichteg beim Plécken dobaussen ass et är Biere gutt ze wäschen, wéinst dem Fuussebandwuerm. Méi e leckert a frëscht Uebst fënnt e soss néierens wéi bei eis an der Natur!

Bis d‘nächst Woch Kanner! Sidd gespaant a bléift dobäi bei SICONA kids!

De saisonale Kalenner vum Uebst fannt dir ob eiser Homepage ënnert SICONA kids oder ënnert der Rubrik „Natur genéissen“.

Är Guiden Nicole, Sylvie, Françoise, Nicole a Lise

De Rubbarb mécht als Uebst am Abrëll den Ufank. Duerno kënne mir Äerdbieren, Kiischten a vill aner Biere saisonal a frësch genéissen.

Am längste frësch ginn et bei eis Quidden an Äppel, awer och Bieren a Quetschen.

Ween am Wanter gären eng Ofwiesslung hätt, de kann säin Uebst wat en iwwert ganzt Joer zur Verfügung huet entweder als Kompott oder Gebeess kachen, mee et kann en och ganz einfach d’Uebst afréieren.

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content