SICONA kids – Mir genéissen de Bongert

Dës Woch dréint sech alles bei eis em genéissen vum Bongert vun de SICONA Guiden a Co.

1. Äppel Muffins mam Sylvie

Moie Kanner!

Dës Woch ass Thema „mir genéissen de Bongert“!

D’Äppel sinn elo zeideg! An do hat d‘Sylvie d’Iddie säi Liblingsrezept mat Äppel haut ze maachen.

Hat weist eis haut wéi mir Äppel Muffins maachen J

Den Donneschden weist Nicole wat en nach mat Äppel vum Bongert maache kann! Sidd gespaant a bléift dobäi bei SICONA kids!

Vill Spaass beim bake Kanner!

Är SICONA kids Guiden

2. Gebroden Äppel mam Nicole

Moie Kanner!

Haut zum Thema „mir genéissen de Bongert“, weist Nicole wéi mir gebroden Äppel vum Bongert maachen.

Fir eis gebroden Äppel ze maachen, brauche mir:

• 4 Äppel (eng ganz gutt gëeenegt Zort ass de roude Boskop)

• Pro Apel 1 Téiläffel Hunneg, Korinten an Kanéil

Als éischt huelen mir de Batz aus den Äppel.

Mir setzen d’Äppel an eng feierfest Schossel mat bësse Waasser dran.

Da maache mir Korinten, 1TL Hunneg an de Kanéil an d’Mëtt vum Apel.

Dann an de Schëffche bei 180 Grad bis d‘Äppel mell sinn.

Gudden Appetit Kanner!

Är SICONA kids Guiden

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content