SICONA kids – Op Spueresich an der Natur

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Spueresich an der Natur a Co.

1. Op Spueresich an der Natur

Dës Woch maache mir ons eraus an d’Natur a sichen no Spueren. Souwuel Déiere wéi och Mënschen hannerloosse vill Spueren déi mir zesummen entdecken a verstoe léieren. Haut huelen ons d’Ronja an den ElBandito mat op Spueresich doheem an an hirer Noperschaft. Muer léiere mir mam Françoise méi genee d‘Pattespuere vun den Déiere kennen. De Mëttwoch weist d’Lise ons wéi eng Spueren d‘Déiere nach hannerloossen an den Donneschden erzielt ons d’Sylvie wéi eng Spuere mir Mënsche maachen. De Freiden dann, kréie mir vum Françoise eng Uleedung fir e spannend Spuerespill . Vill Spaass op onser Spueresich

2. Pattespueren an der Natur – wien war hei?

Dës Woch wëlle mir mat iech erausfannen, u wat mir erkenne wéi eng Déiere bei eis am Bësch ënnerwee waren. Hutt dir scho mol eppes vu „Fraßspuren“ oder enger „Losung“ héieren? Wann dir déi nächste Kéier an de Bësch gitt, da kuckt dir iech mat aneren Aen em. Vill Spaass! Är SICONA kids Guiden

3. Liewensspueren – wunnt hei een ?

Moie Kanner ! Sidd dir och schonn duerch de Bësch gaang oder laanscht e Wee an hutt Spuere fonnt wou dir iech ëmmer gefrot hutt vu wéi engem Déier déi sinn? Wa mir genee kucken, fanne mir dobaussen an der Natur vill Spuere vun deene groussen awer och deene klenge Matbewunner am Bësch.

De Méindeg haten d’Ronja an den El Bandito eis scho mat op Spueresich, do hu mir scho puer Spuere kenne geléiert. Mam Françoise hu mir gëschter nach weider Déierespuere kenne geléiert. Aner Déierespuere sinn z.B. Déierenhoer, Fiederen, eidel Schleekenhaisercher oder Friessspueren u Blieder. Haut kucke mir eis Liewensspueren un. Si verroden eis wéi een Déiere wou wunnt! Déiere bauen nämlech ganz ënnerschiddlech Stoppe wou si entweder hiren Dag oder hir Nuecht verbréngen. Wann sech Déieren e Bau oder e Nascht bauen, sinn déi gewéinlech op gutt verstoppte Plazen, déi mir net esou séier fannen. Mee wa mir den Déierespueren noginn, kenne mir déi verstoppte Plazen och mol fannen! Ganz wéineg Déieren hunn eng fest Plaz, déi si iwwert d‘ganzt Joer benotzen. Ganz vill Déieren hu just wärend der Opzuucht vun hire Kléngen e Bau. Anerer baue just e Wanterbau als Schutz virun Nätzt a Keelt. Bei engem schéine Spadséiergank huet d’Lise all méiglech Hiweiser a Spuere fonnt un deenen hat erkannt huet ,wéi een Déier wou am Bësch wunnt . Dat éischt wat hat fonnt huet ass e Vullenascht um Buedem an enger Louheck. Vullenäschter si bei Wäitem an der Natur déi heefegste Bauen. Vulle bauen hiert Nascht ganz ënnerschiddlech. Mol um Buedem, mol an den Hecken, mol um Bam oder wéi d‘Schmuewelen un der Hausfassad. D’Lise huet awer net nëmme Vullenäschter entdeckt, mee och Liewensspuere vun eise grousse Bëschdéieren. Wësst dir wou den Hirsch oder den Hues am Bësch wunnen? Den Hirsch an de Feldhues hu keng fest Wunnplaz. Si schlofen op zoufälleg gëeegente Plazen. Beim Hues nenne mir dat eng „Sasse“, déi hien e puermol  notzt. Net mol bei der Opzuucht vu senge Kléngen huet hien eng fest Plaz. Dem Routwëld, Damwëld, Réiwëld oder och dem Schwaarzwëld hir Rou- an/ oder Schlofplaze kenne mir entdecken. Déi erkenne mir gutt, well d‘Planzen op dëser Plaz staark niddergedréckt sinn. Hei fanne mir och oft Losung vun hinnen.

Beim Spadséiergang huet d’Lise och Lächer un engem doudege Bam fonnt – déi huet de Spiecht drageschloen. Ausserdeem huet d’Lise ganz vill Maislächer a Maulefskéip an de Wise fonnt. Déi erkenn dir bestëmmt och scho – gell? Wéi mir gesi kënne mir ganz vill Spueren an der Natur fanne wa mir gutt kucken. Iwwert d‘ganzt Joer kënne mir ënnerschiddlech Spueren entdecken. Am beschte gesi mir d‘Déierespueren awer am Wanter, wa Schnéi läit. An sidd dir virwëlzeg gi wat fir Liewensspueren dir géift fannen? Wann dir Spuere fannt kënnt dir eis gären är Fotoe schécken op:  . Mir freeën eis drop. Vill Spaass Kanner bei der Spueresich! Är SICONA kids Guiden

4. Mënschespueren an der Natur

Moie Kanner ! Dës Woch hu mir scho vill iwwert Déierespuere gesinn. Mee Déiere sinn net déi eenzeg déi Spueren an der Natur hannerloosse – och mir Mënschen hannerloosse Spueren. An wéi eng dat sinn, weist eis haut d‘Sylvie. Vill Spaass a bleift dobäi bei SICONA kids! Är Guiden

5. E Spuerespill fir d’ganz Famill

Haut hunn mir eis e flott Spuerespill fir iech iwwerluecht. Probéiert et aus a genéisst et Zäit mat Famill a Frënn dobaussen. Vill Spaass Kanner! Déi nächst Woch hu mir Thema „Natur genéissen – sech gesond ernären“! Äddi Kanner. Är SICONA kids Equipe

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content