Praktesch Aarteschutzmesuren um Terrain – Eng Visitt beim SICONA

Wann

01.04.2023    
14:00 - 16:30

Veranstaltungstyp

 

Aarteschutzmesurë kënne ganz vilfälteg sinn: Dat geet vum Ënnerhalt an der Fleeg vun hire Liewensraim iwwer d‘Schafe vun engem neien Doheem fir si – wéi nei Gewässer uleeën – oder der Restauratioun vu Baachen an aner Biotopen. Op der Visitt ginn eng Panoplie vun op dem Terrain ëmgesate Mesurë fir verschidden Déierenaarten virgestallt.

Treffpunkt: Biodiversitéitszentrum SICONA, 12, rue de Capellen, 8393 Olm.

Vun do aus gëtt op den Terrain gefuer, wou verschidde Projeten gewise ginn.

Guide: Dr. Simone Schneider (Leitung wissenschaftliche Abteilung SICONA) & Maurice Probst (Leitung technische Abteilung SICONA)

am Kader vun der Expo Impact. La biodiversité en questions

Umeldungen via Eventbrite 

Skip to content