SICONA kids – „Natur genéissen“ – sech gesond ernären

Dës Woch dréint sech alles bei eis em „Natur genéissen“ – sech gesond ernären a Co.

1. Natur genéissen – sech gesond ernären – eng gesond Pizza

Moie Kanner, Dës Woch vun Natur genéissen – sech gesond ernäre weisen eis d’Françoise an seng Kanner haut, wéi mir selwer eng gesond a lecker Pizza dobaussen um Grill kënne maachen. Vill Spaass beim Kachen a loosst iech et gutt schmaachen. Är SICONA kids Guiden

2. Glécklech Hénger – gesond Pouleten

Moie Kanner! D’Sylvie hellt iech mat ob de Karelshaff. Sidd gespaant wat si iech alles iwwer glécklech Pouleten zielen. Äddi Kanner! Är Guiden

3. E Gromperegratin mat Geméis

Moie Kanner! Dës Woch zum Thema „Natur genéissen – sech gesond ernären“ mécht d’Nicole haut mat iech e Geméisgratin. Fir eise Geméisgratin huele mir:

Geméis vum “Natur genéissen” Bauer:

  • ± 500g Gromperen
  • 3 Muerten
  • 2 Poretten

an

  • ½ Liter Mëllech oder Huewermëllech
  • E bëssi Ram oder Huewerram
  • Salz, Peffer an e bëssi Muskot

D’Gromperen an d’Muerte musse mir wäschen, schielen an an dënn Scheiwe schneiden. D’ Porette wäsche mir a schneiden se och kleng. Dat geschniddent Geméis leeë mir an eng feierfest Schossel. Mir wierze mat Salz, Peffer a Muskot a schëdden d’Mëllech an d‘Rahm driwwer. Duerno stelle mir de Gratin an de Schëffche bei 200 Grad bis d’Geméis mell ass.

Hmmm, wéi dat richt…

Gudden Appetit!

Rezept Gromperegratin mat Geméis

Är SICONA kids Guiden

Muer léiere mir de Bauer Jemming kennen

4. Eeër vum Biobauer Jemming

Moie Kanner! Haut hellt Sylvie iech mat bei de Bauer Jemming. De Jean- Marie an d’Lynn weisen iech hire Haff. Zum Schluss weist iech Sylvie, wéi hat deemools mat den Eeër vum Haff Jemming an enger Aktivitéit Nuddele mat Kanner gemaach huet. Muer weist iech Nicole wei dir Gromperegratin maacht mat Geméis. Sidd gespaant a bléift dobäi bei SICONA kids! Är Guiden

5. D’Liblingsburger vun de SICONA-Guiden

Moie Kanner !

Haut bei SICONA kids zum Thema Natur genéissen – sech gesond ernären, stelle mir iech eis Liblingsburger fir.

D‘Francoise an d‘Nicole hunn e vegetaresche Burger gekacht. Dem Sylvie säi Burger ass mat Angusfleesch an dem Lise säi mat Poulet – an alles vun eisen Natur genéisse Baueren. Bei engem gudde Burger däerfen natierleche keng Fritte feelen. Wéi ee Fritte selwer mécht , erkläert eis d‘Nicole.

Gudden Appetit a loosst iech vun eise Rezepter inspiréieren!

Hei fannt dir d‘Lëscht vun eise regionale Produzente vum Projet „Natur genéissen – Mir iesse regional, bio a fair!“ – https://sicona.lu/ng-landwirtschaft/

Äddi Kanner!

Vill Spaass Kanner beim nokachen!

Är Guiden, Nicole, Françoise, Sylvie, Nicole a Lise

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

Skip to content