SICONA kids – Villercher am Fréijoer

Dës Woch dréint sech alles bei eis em Villercher am Fréijoer

1. Et ass Fréijoer an d’Villercher sinn do

Dës Woch ass d‘Thema Villercher am Fréijoer! Et erwaarden Iech vill a flott Aktivitéiten zum dësem Thema. Haut héier dir, wou d’Villercher am Wanter kënne sinn. An och wéi si wunnen.

Mir soen dem Erni, dem Max an dem Fernand villmools Merci fir déi schéi Biller!

Är SICONA kids Equipe

2. Vullennascht baue mam Sylvie

Mir bauen een Nascht – wéi d‘Villercher

D‘Sylvie weist Iech wéi d‘Villercher e Nascht baue mat hirem klénge Schniewel. E flott Spill fir no ze maachen.

Vill Spaass beim Bauen!

Är Sicona kids Equipe

3. Wéi wunnen d’Villercher?

Am Fréijoer sinn d‘Villercher besonnesch aktiv. Si sichen eng Plaz fir hir Kleng opzezéien. Vill vun hinne bréien am léifsten an enger natierlecher Hiel vun engem ale Bam. Wa mir hinnen Haisercher ophänken da sinn si och frou fir déi ze notzen.

Muer kritt dir vu mir eng Beschreiwung fir en Haischen ze bauen.

4. Mir bauen e Vullenhaischen

Mir hëllefen de Villercher bei der Sich no enger Plaz fir hier Kleng opzezéien.  Dofir baue mir hinnen e Vullenhaischen. An da gi mir et ophänken.

Vill Spaass beim Nobauen a Beobachten!

⇒ Bauuleedung Vullenhaischen

5. Haut maache mir e Nuesequiz!

Ech weisen Iech puer Biller vu Villercher, déi mir dës Woch gesinn hunn. Wann Dir Doheem wësst em wat fir e Vull et sech handelt am Video leet Dir äre Fanger ob d‘Nues.

Vill Spaass beim roden!

Nächst Woch ass Thema Kraider drun. Sidd gespaant a bleift dobäi!

Är Sicona- Kids Equipe

SICONA kids ass och op Facebook. Hei fann Dir eis!

[vc_wp_text]

Ansprechpartner Kinder- und Jugendaktivitäten

[/vc_wp_text]
Skip to content